Exoplanéit Galileo
Stärebild: Cancer (Cnc)
Daten
Equinoxe J2000.0
Hallefachs 0,115
Exzentrizitéit 0,020
Perihel / Aphel 0,113 / 0,117
Bunnschréi 53
Ëmlafdauer 14,652 d
Physikalesch Eegenschaften
Temperatur: 735 K
Equatorduerchmiesser ? km
Entdecker Geoffrey Marcy
R. Paul Butler
Entdeckungsdatum 12. Abrëll 1996
Entdeckerplaz Lick-Observatoire

De Galileo (55 Cancri b), ass en Exoplanéit, deen déi masseräich Komponent A vum Duebelstäresystem Copernicus, e Gielen Zwerg, ëmkreest. D'System läit am Stärebild Cancer, ongeféier 40,3 Liichtjoer vun eis ewech. De Galileo ass en Deel vum Planéitesystem mat op d'mannst fënnef Planéiten.

Wéinst senger héijer Mass gëtt ugeholl, datt et sech ëm e Gasplanéit handelt. Hien ass, vu sengem Stär aus gesinn, den zweete Planéit a war, wéi hien am Joer 1996 entdeckt gouf, de véierte bekannte Planéit ëm e normale Stär. Spéider goufe véier weider grouss Planéiten ëm de Copernicus A entdeckt, dovun ee bannenzeg an dräi baussenzeg vun der Bunn vum Galileo.

Entdeckung änneren

De Galileo gouf mat der Radialvitessmethod, déi bei der Miessung vun der Wierkung vun der Schwéierkraaft vun engem Planéit op säi Stär besteet, entdeckt. De Planéit gouf den 12. Abrëll 1996 a Kalifornien vun engem Astronomenteam, gefouert vum Geoffrey Marcy an R. Paul Butler, entdeckt an zesumme mam Tau Bootis b a Saffar publizéiert. Déi dräi hunn nom Dimidium, déi nächst bekannt Vertrieder vun der Zort "Hot Jupiter", masseräich Planéite mat enke a bal kreesfërmegen Ëmlafbunnen, gebilt.

Bunneegenschaften änneren

De Planéit kreest ëm säi Stär op enger Distanz vun 0,115 A.E., also nëmmen 11 % vun der Distanz Sonn-Äerd. Hien huet méiglecherweis eng 1:3-Bunnresonanz mam nächste baussenzege Planéit Brahe. All 14,65 Deeg (1,266 x 106 s) ëmkreest hien de Copernicus A op enger bal kreesfërmeger Bunn (Exzentrizitéit vun nëmmen 0,014), déi ongeféier 4-mol méi laang ass wéi déi vum Janssen. En ettlech Observatioune weisen, datt dëse Planéit eng Schréi vun 51° huet, déi awer nach net konfirméiert ass.

Physikalesch Eegenschaften änneren

Déi minimal Mass ass 0,824 Jupitermassen respektiv 261,74 Äerdmassen (1,5635 x 1027 kg). Déi real Mass ass warscheinlech souguer eppes méi héich wéi déi vum Jupiter. De Planéit huet e Radius vun op d'mannst dem 0,58-fache vum Jupiter-Radius (41 x 103 km). Well de Planéit indirekt duerch den Afloss vun der Schwéierkraaft op de Copernicus A entdeckt gouf, sinn en ettlech vu sengen Eegenschafte wéi de Radius onsécher oder onbekannt. Zesummesetzung, Temperatur an Ausgesinn sinn onbekannt a Géigestand vu Spekulatiounen. De Galileo ass méiglecherweis en Hot Jupiter, dat heescht e Planéit mat enger Mass, déi bal d'selwecht ass wéi déi vum Jupiter an enger relativ héijer Uewerflächetemperatur, déi haaptsächlech duerch déi no Distanz zum Stär verursaacht gëtt. Warscheinlech huet de Planéit eng Atmosphär ouni Wolleken a mat engem Spektrum, dee vun den Absorptiounslinne vun Alkalimetaller dominéiert gëtt.[1] Gréisser Mounden dierft de Galileo net hunn, well op him ze staark Gezäitekräfte wierken.[2]

Numm änneren

Wéi all Exoplanéite gouf de Galileo am Ufank mam offiziellen Numm vum Stär an engem klenge Buschtaf, entspriechend der Reiefolleg vun der Entdeckung, bezeechent. No engem ëffentlech ausgeschriwwene Concours vun der I.A.U. krut hien de 15. Dezember 2015 den Numm vum italieeneschen Naturwëssenschaftler an Astronom Galileo Galilei.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. D. Sudarsky et al.: Theoretical Spectra and Atmospheres of Extrasolar Giant Planets. The Astrophysical Journal, 588 (2) (2003): 1121 – 1148.
  2. J. Barnes, D. O'Brien: Stability of Satellites around Close-in Extrasolar Giant Planets. The Astrophysical Journal, 575 (2)(2002): 1087 – 1093.
  • R. P. Butler et al.: Three New "51 Pegasi-Type" Planets. The Astrophysical Journal, 474 (1997): L115 – L118.