Den Harriot (55 Cancri f) ass en Exoplanéit, deen d'Komponent A vum Duebelstäresystem Copernicus ëmkreest. Hien ass de véierte Planéit vum System a gouf als leschten entdeckt. Wéinst senger héijer Mass handelt et sech warscheinlech ëm e Gasplanéit.

Entdeckung änneren

Den Nowäis vum Harriot berout wéi bei allen anere vum 55 Cancri-System op Miessunge mat der Radialvitess vum Zentralstär. Den Jack Wisdom hat no der Analys vun der Radialvitess d'Existenz vum Planéit schonn am Joer 2005 ugeholl an hat dat am Abrëll um Treffe vun der American Astronomical Society matgedeelt. D'Publikatioun an enger wëssenschaftlecher Fachzäitschrëft koum eréischt annerhalleft Joer méi spéit. D'Berechnunge mam Unhuele vum fënnefte Planéit mat enger Bunn op der grousser eideler Plaz tëscht den dräi enke Planéite Janssen, Galileo a Brahe an deem méi wäitem Planéit Lipperhey hunn een am Ganze stabille Planéitesystem mat klengen Exzentrizitéite vun alle Planéiten erméiglecht, wéi et no den allgemeng akzeptéierten Theorië vun der Planéitegenesis plausibel ass.

Bunneegenschaften änneren

De Planéit kreest ëm säi Stär op enger Distanz vun zirka 0,781 A.E. mat enger Exzentrizitéit vun 0,2. Seng Bunn ass net méi wäit wéi d'Venus vun der Sonn. Een Ëmlaf dauert 260 Deeg.

Physikalesch Eegenschaften änneren

 
Phantasieduerstellung vum Copernicus A mat sengem véierte Planéit.

Den Harriot huet eng Mindestmass vun zirka 45,78 Äerdmasse respektiv 0,144 Jupitermassen. Hien ass also op d'mannst ongeféier hallef sou schwéier wéi de Saturn. Iwwer säi Radius, déi cheemesch Zesummesetzung an d'Uewerflächtemperature kann am Ament nëmme spekuléiert ginn. Héchstwarscheinlech ass et e Gasplanéit ouni fest Uewerfläch.

Numm änneren

Wéi all Exoplanéite gouf den Harriot am Ufank mam offiziellen Numm vum Stär an engem klenge Buschtaf, entspriechend der Reiefolleg vun der Entdeckung, bezeechent. No engem ëffentlech ausgeschriwwenem Concours vun der I.A.U. krut de Planéit de 15. Dezember 2015 den Numm vum engleschen Astronom Thomas Harriot.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  • Debra A. Fischer, Geoffrey W. Marcy, R. Paul Butler, et al.: Five Planets Orbiting 55 Cancri. The Astrophysical Journal, 675 (2008), S. 790-801.