Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn
D'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn ass eng Eisebunnsstreck zu Lëtzebuerg. Se féiert vun Téiteng bis bei d'Zementswierk am Laangegronn.
D'Gare vun Téiteng | |
Streckekaart vun der Linn 6d | |
Linnennummer | 6d |
---|---|
Besëtzer | Lëtzebuerg |
Bedreiwer | CFL |
vu(n) | Gare Téiteng |
op | Laangegronn |
opgaangen | 29. September 1884 |
Technesch Donnéeën | |
Längt | 3,3 km |
Gréisst Steigung | 24 ‰ |
Klengste Radius | 184,282 m |
Spuerbreet | Normalspuer |
Vitesslimitatioun | 40 km/h |
Stroumsystem | 25kV Wiesselstroum, 25kV Wiesselstroum |
Zuchsécherungssystem | European Train Control System |
Garen - Uschlëss - Brécken Tunnellen - Barriären |
PK | |
Uschloss: Näerzeng-Rëmeleng | ||
Gare Téiteng | 0,00 | |
PN. 106 Téiteng (Kierfecht) | 1,140 | |
PN. 106a Rëmeleng (Kierfechtsstrooss) | 1,852 | |
Tunnel Huttbierg (80 m) | 1,910 | |
Rëmeleng (Paartegronn) | 2,065 | |
Rëmeleng (Escher Strooss) | 2,515 | |
Rëmeleng (Escher Strooss) | 2,590 | |
PN. 106b Rëmeleng (Rembur) fir Foussgänger | 2,745 | |
Rëmeleng (Heedterwee / Deel Rembur) | 3,020 | |
Intermoselle am Laangegronn | 3,300 |
D'Trass fir d'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn gëtt vun der Administration des chemins de fer verdeelt. D'CFL bedreift a geréiert d'Infrastruktur vun der Streck, déi am Besëtz vum Lëtzebuerger Staat ass.
Linn
ännerenD'Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn gëtt als Linn 6d bezeechent an ass eng Antenn vun der CFL-Linn 6. D'Gleis huet säin Ufank an der Téitenger Gare, wou et awer nach bis bei de Rëmelenger Kierfecht nieft dem Gleis vun der Linn 6c leeft, ier et dann a Richtung vum Rëmelenger Laangegronn ofbéit.
Déi 3,3 km laang eegleiseg Streck gëtt just fir de Giddertransport fir d'Zementwierk vun der fréierer Intermoselle benotzt. D'Vitess op der Streck ass op 40 km/h limitéiert.
Geschicht
ännerenD'Linn déi deemools vun der Guillaume-Luxembourg exploitéiert gouf, ass den 29.September 1884 opgaangen, wéi den Tunnel Huttbierg vu ronn 100 Meter Längt fäerdeg gebaut war.
Am Ufank ass et drëms gaange fir Minett op verschidde Quaie sichen ze goen. E Gleis goung souguer bis op de Rëmelenger Kierchbierg. Nom Néiergank vun der Minettsfërderung huet uganks der 1970er Joren de Bau vun der Intermoselle en neie Besoin fir dës Linn beschaaft. An deem Kader sinn e puer Ëmännerunge geschitt: d'Barriär am Laangegronn (PN. 107) ass zougemaach ginn an e puer honnert Meter méi héich gouf eng Bréck gebaut fir Camionen en Accès op d'Intermoselle ze ginn.
1980 gouf d'Linn elektrifizéiert.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eisebunnsstreck Téiteng-Laangegronn – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Donnéeën iwwer d'Streck: Réseau Ferré Luxembourgeois - Document de Référence du Réseau 2024, Version 2.0.