Millebaach (Blees)
lëtzebuergesch Baach
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Millebaach enger Niewebaach vun der Blees. Fir aner Baache mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Millebaach. |
D'Millebaach ass eng Baach um Territoire vun der Gemeng Tandel.
Si entsteet aus dem Zesummelaf vun der Wurmeschterbaach an der Scheedsbaach op enger Héicht vun 320 m um Ausleefer vum Hirzheckbësch nërdlech vu Branebuerg. Vun do aus leeft se no Süden, fir no engem Laf vu ronn 1.600 Meter zu Branebuerg op enger Héicht vun 260 m an d'Blees ze lafen.