Den Nic Klecker, gebuer den 22. Mäerz 1928 zu Branebuerg, gestuerwen de 14. Dezember 2009[1] zu Darmstadt[2], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller an en engagéierte Mënscherechtler. Vu Beruff war hie Lycéesprofesser.

Nic Klecker
Den Emile Hemmen (lénks), Barney Bush (mëtt) an den Nic Klecker
Gebuer 22. Mäerz 1928
Gestuerwen 14. Dezember 2009
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mënscherechtler

Säi Liewen änneren

Säi Lycée huet hien zu Dikrech am Lycée Classique gemaach. Duerno huet en Alphilologie, Germanistik a Romanistik zu Paräis an zu München studéiert. Enseignéiert huet hien am Iechternacher Kolléisch an am LGL wou hie Latäin, Franséisch a Geschicht ginn huet.

Den Nic Klecker war ee vun de Grënnungsmemberen a President vun 1970 bis 1982 vun der lëtzebuergescher Sektioun vun Amnesty International. Vun 2000 bis 2006 war hie President vun der Commission consultative fir Mënscherechter.

1986 war hien, zesumme mam Emile Hemmen a René Welter Grënnungsmember vun der Literaturzäitschrëft Estuaires. 1997 gouf hie mam dem Oppenheimer-Präis ausgezeechent.

Den Nic Klecker ass an der Nuecht vum 13. op de 14. Dezember 2009 gestuerwen.

Bibliographie änneren

  • Hemmen, Émile & Nic Klecker (réd.), 2005. Le mur. [anthologie] Dudelange: Estuaires. Luxembourg, Linden. 199 p.
  • Klecker, Nic, 1979. Peine de mort et rage populaire. d'Letzeburger Land Jg. 26(1979), Nr. 24: 8-9. Luxembourg.
  • Klecker, Nic, 1980. L'école, un havre dans un monde tortionnaire. APESS n° 3: 155-158. Grevenmacher. [Bulletin spécial 75e anniversaire]
  • Klecker, Nic, 1981. Finlandia. Pour une voix d'Ingrie. Eaux-fortes de Roger Bertemes. Luxembourg, Club 80.
  • Klecker, Nic, 1982. Pour une pédagogie des droits de l'homme. In: Ionna Kuçuradi (ed.): Papers presented to the International seminar on the philosophical foundation of human rights. Ankara: Hacettepe University. pp. 159–163.
  • Klecker, Nic, 1982. Où va l'école luxembourgeoise ? d'Letzeburger Land Jg. 29, Nr. 13: 13. Luxembourg.
  • Klecker, Nic, 1983. Les crevasses du chemin. Éditions Origine, Senningerberg.
  • Klecker, Nic, 1984. Roger Bertemes. Institut grand-ducal Luxembourg. Section des arts et des lettres, Luxembourg. 40 p.
  • Klecker, Nic, 1985. Le planning familial et les droits de l'homme. In: On fait tout pour qu'ils naissent heureux... [... et vivent heureux]. Éd.: Mouvement luxembourgeois pour le planning familial et l'éducation sexuelle, Luxembourg, pp. 17–19.
  • Klecker, Nic, 1985. Causerie silencieuse sur la poésie d'Edmond Dune. Galerie: revue culturelle et pédagogique 3ème année, n° 2: 267-268. Differdange.
  • Klecker, Nic, 1987. Dans le désert du Temps. Poèmes accompagnés de neuf dessins de Roger Bertemes et postface de Franco Prete. Institut grand-ducal, Section des arts et des lettres. Impr. Saint-Paul, Luxembourg. 68 p.
  • Klecker, Nic, 1988. Il y a 105 ans naquit Paul Palgen. Les Cahiers luxembourgeois: revue libre des lettres, des sciences et des arts 35(1988), n° 3: 7-9. Luxembourg.
  • Klecker, Nic, 1989. Paul Palgen. In: Dossiers L: littérature française de Belgique n° 20/3: 11-23. Saint-Hubert.
  • Klecker, Nic, 1989. Les vaches. Les Cahiers luxembourgeois: revue libre des lettres, des sciences et des arts 36(1989), n° 3: 27-29. Luxembourg.
  • Klecker, Nic, 1990. Veit, le ménetrier d'Echternach = De Geiespiller vun Iechternach. Conte. [dir. Nic Klecker ; collab. Pierre Mergen] Paris: GES-éditions. 41 p.
  • Klecker, Nic, 1991. Les Dormeurs, poèmes ornés de 10 linogravures de Roger Bertemes, Éditions des Cahiers Luxembourgeois, 1991.
  • Klecker, Nic, 1993. Tony Bourg, venu de Weicherdange... In: Le livre d'or du lycée de garçons de Luxembourg: de l'école industrielle et commerciale au Lycée de garçons de Luxembourg, 1892-1992. pp. 283–286. Luxembourg.
  • Klecker, Nic, 1997. Les créneaux du souvenir. Éditions des Cahiers luxembourgeois, Bereldange. Luxembourg, Impr. Centrale. 156 p.
  • Klecker, Nic, 1998. Chroniques: rêves et ergotages. Avec des dessins de Carlo Schmitz. Collection APESS n°10, Diekirch. 215 p. Luxembourg, Impr. Centrale.
  • Jadis au village, récits, Éditions des Cahiers Luxembourgeois et Éditions Memor, Luxembourg-Bruxelles, 2002.
  • Klecker, Nic, 2002. Jadis au village / Au pied des Ardennes. Récits. Éditions des Cahiers luxembourgeois, Bäreldeng, & Éditions Memor, Bréissel. 123 p. ISBN 2-930133-75-9.
  • Klecker, Nic, 2003. Le citoyen dans l'État: à la mémoire du professeur Marcel Engel. Galerie: revue culturelle et pédagogique 21(2003), n° 3: 337-340. Differdange.
  • Klecker, Nic, 2004. Les fissures du temps. Chroniques. Éditions des Cahiers Luxembourgeois et Éditions Memor, Luxembourg-Bruxelles. 100 p.
  • Klecker, Nic, 2005. Almanach errant pour Laura. Éditions des Cahiers luxembourgeois. ISBN 2-919939-02-5. [Zwielef Texter vun Nic Klecker mat véierzéng Linoschnëtter vum Roger Bertemes an engem Virwuert vun der José Ensch]
  • Klecker, Nic, 2006. Inventer le poème quand-même. récré 22: 194-197. Diekirch.
  • Klecker, Nic, 2008. Coïncidences. Choix de textes. [avant-propos d'Ariel et Guy Wagner] Esch/Alzette: Éd. Le Phare, kulturissimo, 231 p.
  • Klecker, Nic, 2008. Cambriolage. In: Résistances aux guerres. Rossignol: C.A.G.L. pp. 70–73.
  • Klecker, Nic, 2009. L'écoute du silence. 49 pp. Collection 99 n°7, Éd. Estuaires, Dudelange. Imprimerie Linden, Luxembourg. ISBN 978-2-9599704-6-7. [Suivi de: Alain Jégou, 2009. Une meurtrière dans l'éternité. 54 pp.]
  • Klecker, Nic, 2010. Qui inventera les réalités nouvelles?. Textes inédits, Karà Éditions.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Doudesannonce am Luxemburger Wort N° 294 vum 17. Dezember 2009, S. 58: "... décès de Nic Klecker survenu le 14 décembre 2009 à l'âge de 81 ans."
  2. Wilhelm, Frank, 2010. Nic Klecker - Un poète austère et généreux. récré 25, S. 35.