Pôle d'échange Houwald
De Pôle d'échange Houwald (oder Pôle d'échange Howald) ass e Pôle d'échange op der Grenz tëscht der Stad Lëtzebuerg (Quartier Gaasperech) an der Gemeng Hesper (Houwald), dee follgend Transportinfrastrukture begräift:
- Busgare Howald, Gare / PE (AVL + RGTR)
- Tramshalt Howald Gare
- Gare Houwald
![]() | |
ass eng | Pôle d'échange |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 7. Juli 2024 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg, Hesper |
Koordinaten | 49°34'50"N, 6°7'53"O |
Héicht i. M. | 290 m |
Reseau | |
Reseau | Autobus de la Ville de Luxembourg, CFL, Régime général des transports routiers, Stater Tram |
![]() |
De Pôle d'échange ass – zesumme mat der Verlängerung vum Tram bis op d'Cloche d'or – de 7. Juli 2024 provisoresch opgaangen.
Wéinst juristesche Streiderei konnt d'Bréck iwwer d'Gare Houwald net wéi ursprénglech geplangt, iwwer hir ganz Breet gebaut ginn, sou datt provisoresch eng schmuel Versioun opgaangen ass. Dat bréngt mat sech, datt an enger Iwwergangszäit den Tram just op engem Gleis an d'Bussen iwwerhaapt net iwwer d'Bréck fuere kënnen. Eréischt viraussiichtlech 2026 kann déi ganz Bréck da befuer ginn. Fir déi selwecht Iwwergangszäit gouf d'Tramshalt Howald Gare provisoresch westlech vun der Bréck amenagéiert a gëtt awer op d'Bréck geréckelt, soubal déi fäerdeg ass.
Vun der Tramshalt kënnt een engersäits erof op d'Quaie vun der Zuchgare an anersäits op d'Busgare vum Pôle d'échange Houwald.
Lag vum Pôle d'échange
ännerenDe Pôle d'échange gëtt agegrenzt vum CR231 am Süden, dem P+R Lëtzebuerg-Süd (Parking B) am Westen, der Bréck vun der Gare Houwald am Norden an der Parkplaz vum Cactus-Supermarché um Boulevard des Scillas am Osten. D'Busgare läit op enger Héicht vun ca. 290 m.
Infrastruktur
ännerenEng Bikebox an ëffentlech Toilettë gëtt et an der Busgare.
Biller
änneren-
D'Busgare vum Pôle d'échange
-
E Regional-Express an der Gare
-
D'Tramshalt Howald Gare
-
En Tram op der provisoresch eegleiseger Streck
Um Spaweck
ännerenCommons: Pôle d'échange Houwald – Biller, Videoen oder Audiodateien |