De Pierre Charles (P. C.) Schoren, gebuer den 8. Juni 1868 zu Jonglënster a gestuerwen de 6. Januar 1935 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Fotograf an Editeur vu Postkaarten.

Pierre Charles Schoren
Gebuer 8. Juni 1868
Jonglënster
Gestuerwen 6. Januar 1935
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Fotograf

Fotograf an den USA an an der Stad Lëtzebuerg änneren

De P. C. Schoren ass am Abrëll 1891 an d'USA ausgewandert, wou hien zu Boston (Suffolk County, Massachusetts) an zu Lynn (Essex County, Massachusetts) als Fotograf geschafft huet. No sengem Retour aus den USA huet hien am Mee 1899 e fotografeschen Atelier an der Stad Lëtzebuerg, Avenue de la Gare, Nr. 11, opgemaach. Vun 1900 un huet hien och Postkaarte publizéiert.

Enn 1907 huet hie säi Geschäft an déi deemoleg Siegfriedstrooss, Nr. 10, (haut: rue Jean-Origer) verluecht, an am August 1910 an d'Bourbonstrooss, Nr. 10. Am Laf vum Jor 1927 ass säi Geschäft vum Fotograf Emile Hamper (1901-1940) iwwerholl ginn.

Editeur vu Postkaarten änneren

Mat senge Postkaarten huet de Schoren praktesch all Kuckeswäertes vu Lëtzebuerg ofgedeckt: d'Stad Lëtzebuerg, Iechternach, Beefort, Fiels, Dikrech, Veianen, Esch-Sauer, Branebuerg, Buerschent, Bad Munneref, déi Kleng Lëtzebuerger Schwäiz, d'Schmelze vun Esch-Uelzecht, etc. Donieft huet en och Evenenementer wéi d'Iechternacher Sprangpressessioun an de Stater Hämmelsmarsch festgehalen. Aner Sujete waren z. B. déi groussherzoglech Prinzessinnen, d'Fräiwëllegekompanie, de Gendarmeriekorps, de Mariekult, etc.

Biller änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pierre Charles Schoren – Biller, Videoen oder Audiodateien