Françoise Folmer

lëtzebuergesch Architektin a Politikerin

D'Françoise Folmer, gebuer de 6. Januar 1961 zu Esch-Uelzecht[1], ass eng lëtzebuergesch Architektin a Politikerin.

Françoise Folmer
Gebuer 6. Januar 1961
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun École spéciale d'architecture
Aktivitéit Architekt
Partei déi gréng
Famill
Papp Henri Folmer

No hirer Schoulzäit am Kolléisch an op der Sandia Prep. High School zu Albuquerque (New Mexico), huet si op der École spéciale d'architecture zu Paräis an am Haus der Technik zu Essen Architektur studéiert an 1995 den Architektebüro team 31 gegrënnt vun deem si bis 2013 Associée gérante war[1].

An der Tëschenzäit huet se 2009 Alto, e Betrib fir Projektmanagement a Koordinatioun vu Sécherheet a Gesondheet gegrënnt an duerno, 2011 Expression(s), eng Berodungsfirma fir de Bauberäich a fir eng nohalteg Entwécklung[1].

2012 gouf si vun der Banque Internationale à Luxembourg zur Woman Business Manager of the Year gewielt[2]. Si ass och Member vun der Initiativ „5 vir 12“ an där sech Bierger an Entrepreneren zesummendinn, fir iwwer d'Zukunft vum Lëtzebuerger Land ze schwätzen[1].

Um Nationalkongress vun Déi Gréng ass si den 21. Mäerz 2015 zur Parteipresidentin vun der Partei gewielt ginn[3]. Se huet dës Positioun awer am Juni 2018 opgi fir méi Zäit mat hirer Famill verbréngen[4].

D'Françoise Folmer war vun 2018[5] bis 2023 Conseillère an der Gemeng Kiischpelt.

Wierker als Architektin (Auswiel) änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Françoise Folmer | Paperjam Business Guide. paperjam.lu. Gekuckt de(n) 01.10.2022.
  2. Businesswoman of the year. delano.lu. Gekuckt de(n) 2022-10-01.
  3. Déi Gréng: Françoise Folmer als nei Presidentin gewielt. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 01.10.2022.
  4. Kongress "Déi Gréng": Wiel vum Turmes net definitiv, néidege Quorum net erreecht. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 01.10.2022.
  5. Ovatioun vum Françoise Folmer als neie Member vum Gemengerot. facebook (5.5.2018). Gekuckt de(n) 7.5.2023.