De Fernand ("Fern") Morbach, gebuer den 20. Mee 1960 an opgewuess zu Uespelt, ass e lëtzebuergesche Journalist a Fotograf.

Fernand Morbach
Gebuer 20. Mee 1960
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

No senger Première am Stater Jongelycée am Joer 1980 huet hien am September 1983 ugefaange beim Luxemburger Wort ze schaffen. An den 1980er Jore sinn eng Rei Fotoreportagë vun him publizéiert ginn, wéi déi vum Foussball-Lännermatch Lëtzebuerg-England, de 16. November 1983 (zesumme mam Lé Siebenaler).[1] Dono war hie vun 1995 bis 2004 Chefredakter vum Télécran.

Vun 2004 bis 2012 war hie Chefredakter vum Online-Noriichtesite Wort.lu. Ënner senger Regie gouf ë. a. d'Zesummenaarbecht mat der Redaktioun vun der geschriwwener Press verdéift, sou datt Artikelen aus der Zeitung och online op Wort.lu publizéiert ginn.[2] Zanter dem Oktober 2013 schafft hie rëm a senger fréierer Funktioun als Chefredakter vum Télécran.[3]

Dës Weidere schreift hien e puermol am Mount Leetartikelen am Wort iwwer aktuell politesch Theemen.

Hien ass bestuet a Papp vun 2 Kanner.

Referenzen

änneren
  1. "Am 16. November 1983 lehrten englische Hooligans Luxemburg das Fürchten.", wort.lu, 15. November 2013, 12:50.
  2. "Mediendatenbank Luxemburger Wort für Wahrheit und Recht" Archivéiert de(n) 2016-06-02. Gekuckt de(n) 2016-11-22.
  3. "Redaktionsteam vum Télécran" Archivéiert de(n) 2016-03-23. Gekuckt de(n) 2016-03-10.