Pierre Gamarra
De Pierre Gamarra, gebuer den 10. Juli 1919 zu Toulouse, a gestuerwen den 20. Mee 2009 zu Argenteuil, war e franséischen Auteur.
Pierre Gamarra | |
---|---|
Gebuer |
10. Juli 1919 Toulouse |
Gestuerwen |
20. Mee 2009 Argenteuil |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Essayist, Literaturkritiker, Kannerbuchauteur, RIF- Resistenzler, Prosaist, Kritiker, Iwwersetzer |
Säi Liewen
ännerenDem Pierre Gamarra seng Famill staamt aus dem spuenesche Baskeland an aus dem franséische Languedoc. Hie war fir d'eischt Schoulmeeschter, duerno Journalist a virun allem en Auteur vu Romaner, e Poet a Literaturkritiker. Hien huet och Essaien an Theaterstécker geschriwwen.
Am Joer 1948 huet hien den internationale Charles-Veillon-Präis fir säi Roman La Maison de Feu kritt.
Vun 1951 u schafft en un der Redaktioun vun der Literaturzäitschreft Europe mat, a vun 1974 un, gouf e Chefredakter vun där Zäitschreft.
Dem Pierre Gamarra säi Wierk fir Kanner gëtt haut dacks an de franséische Schoule geléiert.
Wichtegst Wierker
änneren- Mon Cartable
- La Mouche et la Crème
- Le Maître d'École
- La Maison de feu