Prosper Biwer
lëtzebuergeschen Architekt
De Prosper Biwer, gebuer den 19. Juni 1854 zu Dikrech, gestuerwen den 20. Mee 1905[1], war e lëtzebuergeschen Architekt.
Prosper Biwer | |
---|---|
Gebuer | 19. Juni 1854 |
Gestuerwen | 20. Mee 1905 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Architekt |
Vun him sinn d'Pläng vun enger Rëtsch ëffentlecher Gebaier zu Lëtzebuerg.
Studien a Karriär
ännerenNo sengem Studium an der Architektur zu Oochen gouf hien 1880 Conducteur des travaux publics an duerno (1890) Staatsarchitekt, dat als Nofollger vum Charles Arendt.
Säi Wierk
ännerenNo de Pläng vum Prosper Biwer goufe gebaut:
- an der Stad Lëtzebuerg:
- dat éischt Gebai vum Staatslaboratoire (deemools Laboratoire bactériologique) um Verluerekascht (Stad Lëtzebuerg)
- e säitleche Fligel vum Gebai vun der Post am Zentrum vun der Stad
- d'Gebai vun der Steierverwaltung op der Plëss d'Armes (haut: xx)
- zu Munneref: d'Piscine, d'Pergola an de Festsall vum Thermalbad;
- zu Rodange: d'Gebai vun der Police grand-ducale (deemools Gendarmerie)
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1904)[2]
Literatur
änneren- Kunnert, Jemp, 1987. Les architectes de la ville de 1817 à 1987. ons stad 24, S. 6-10. [1]
- Gilbert, P., 1986. Luxembourg. La capitale et ses architectes. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. (Cf. S. 157). Imprimerie Saint-Paul. Cote BNL LB 1061.
- Philippart, R., 2007. Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8, S. 133
Referenzen
änneren- ↑ Chronik aus der Hauptstadt an der Bürger und Beamtenzeitung vum 23. Mee 1905 Archivéiert de(n) 09.10.2020. Gekuckt de(n) 04.01.2015.
- ↑ Memorial N°50 vum 23. Juli 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen