Damien Bourg

Belschen Offizéier
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Colonel Damien Bourg, gebuer den 12. Mäerz 1870 zu Wäicherdang, a gestuerwen den 20. Mee 1931 am Militärspidol zu Ixelles, war e belsch-lëtzebuergeschen Offizéier vun der Belscher Arméi am Éischte Weltkrich. Fir un hien z'erënnere gouf am September 1934 eng Gedenkplack u sengem Gebuertshaus ageweit.[1] D'Strooss wou dat Haus nach haut steet, gouf no him benannt.

Damien Bourg
Gebuer 12. Mäerz 1870
Wäicherdang
Gestuerwen 20. Mee 1931
Ixelles
Nationalitéit Lëtzebuerg, Belsch
Aktivitéit Offizéier

Liewen änneren

Den Damien Bourg hat 4 Bridder an 3 Schwësteren.[2] Säi Papp, den Nicolas Bourg, hat sech 1860 mat der Elisabeth Keipes zu Knapphouschent bestuet.[3]

1906 bestit den Damien Bourg sech mat der Franséisin Emma David, den 11. September 1907 kënnt säi Meedchen Marcelle op d'Welt. Hat kritt 1937 e Jong, den Damien Siraux.

Den 28. an 29. Abrëll 1930 koum de Colonel Bourg fir Feierlechkeeten zeréck op Lëtzebuerg.

Hien ass den 20.Mee 1931 gestuerwen a gouf 3 Deeg duerno zu Bréissel begruewen.

Militäresch Karriär änneren

Nodeems den Damien Bourg beim éischte Versuch Zaldot ze ginn nach ze jonk war, ass et him mat 17 Joer zu Arel gelongen. Dat selwecht Joer gëtt hie Kaperol an 1890 Sergeant.

Déi Belsch Nationalitéit krut hien 1896. Dat Joer drop gouf hien Offizéier mam Grade Sous-lieutenant. 1899 war hien Instrukter am 6. Linneregiment an der Militärschoul zu Ath. 1901 huet hie fir de Krichsministère zu Bréissel iwwersat. 1904 gouf hie Leutnant.

1908 war hien zu Bréissel am 9. Linneregiment. 1910 gouf hie Capitaine-Commandant. No engem Sträit 1912 mat engem aneren Offizéier, bei deem hie senger Ordonnanz d'Partie gehalen huet, gouf hien an den 3. Regiment op Ypres versat.

Nodeem hie Capitaine en second gouf, gouf hien an den 8. Linneregiment zu Beverloo affektéiert.

1914 war hie Kommandant vun der 3. Kompanie vum 1. Batailloun vum 28. Regiment ginn, wat hien erfollegräich mat Hëllef vum Leutnant Van Keer bei der Belagerung vun Namouer Enn August gefouert huet a sengen Zaldote bei de Kapitulatioun d'Krichsgefaangenschaft erspuert huet. Nodeems hien zeréck, op vun der belscher Arméi kontrolléertem Territoire war, stoung hie bis den 3. September an der Festung Antwerpen zur Dispositioun. Den 20. September gouf seng Kompanie an d'8. Linneregiment integréiert dat d'Positiounen um Escaut sollt vedeeegen. Nodeem d'Festung Antwerpen no 13 Deeg Belagerung gefall war, hunn déi belsch Truppe sech bei d'Alliéiert op d'Yser-Front um lénksen Uwänner vun der Yser zeréckgezunn.

Vum Juli 1915 un huet hien eng compagnie de réhabilitation vun der 4. Divisioun fir 18 Méint kommandéiert an am September 1916 gouf hie Majouer.

No sëllege Verletzungen iwwerhëlt de Majouer Bourg dat 3. Batailloun vum 9. Regiment am Abrëll 1918.

No e puer Méint am 10. Regiment, koum hien an d'19. Regiment am Juli 1919. 1920 gouf hie Kommandant vum Corps spécial de discipline zu Diest an am Juni gouf hie Lieutnant-colonel genannt.

1923 gouf en an d'25. Reserve-Regiment affektéiert, am Februar 1926 an den 9. Linneregiment.

Den 1. Abrëll 1826 hat hien d'Altersgrenz erreecht a gouf pensionéiert, a wéi dat Gewunnecht war gouf hien du Reservoffizéier. Am Reservkader gouf hien den 26. Dezember 1926 Reserv-Colonel genannt.

Gielercher änneren

Biller änneren

Literatur änneren

  • Engel, M. Biographie nationale du pays de Luxembourg Fascicule 07, 1956, Le colonel Damien BOURG (1870-1931)

Referenzen änneren

  1. Inauguration. Gekuckt de(n) 01 Dezember 2021.
  2. COLONEL DAMIEN BOURG (12.3.1870 - 20.5.1931). Gekuckt de(n) 01 Dezember 2021.
  3. [deltgen.com deltgen.com]. Gekuckt de(n) 01 Dezember 2021.