(50000) Quaoar

Asteroid


De (50000) Quaoar (Symbol: 🝾) ass en transneptuneschen Objet an der Kuiperceinture. Ier en den Numm Quaoar krut, gouf en ënner der virleefeger Bezeechnung 2002 LM60 gefouert. E gouf de 4. Juni 2002 vun den Astronomen Chad Trujillo a Michael E. Brown vum California Institute of Technology zu Pasadena, USA entdeckt, vun deenen hien och benannt gouf. Den Numm Quaoar staamt vum Genesismythos vun den nordamerikaneschen Tongva-Indianer, déi an der Géigend ëm Los Angeles liewen. De Quaoar gehéiert warscheinlech zu der Klass vun den Zwergplanéiten, déi de 24. August 2006 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) agefouert gouf.

(50000) Quaoar
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Transneptuneschen Objet
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 43,588 A.E.
Exzentrizitéit 0,036
Sideresch Ëmlafzäit 287 a 284 d
Mëttel Bunnvitess 4,52 km/s
Inklinatioun 7,984 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 890 ± 70 km
Mass ≈ 1,6 ± 0,3  1021 kg
Absolut Hellegkeet 2,7
Entdeckung
Entdecker Chad Trujillo,
Michael E. Brown
Entdeckungsdatum 4. Juni 2002
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 2002 LM60

Eegenschaften änneren

Dem Quaoar säin Duerchmiesser gouf, ënner anerem mat Hëllef vum Hubble-Weltraumteleskop, ufanks mat 1250 ± 50 km bestëmmt. Domat war hien, bis zu der vun (90482) Orcus an (90377) Sedna, de gréissten, zanter Pluto, entdeckten Objet am Sonnesystem. De Quaoar ass méi grouss wéi all d'Asteroide vun der Haaptasteroidenceinture tëscht Mars a Jupiter zesummen. Op Grond vun neien Ënnersich vun der Ëmlafbunn vu sengem Mound huet de Quaoar en Duerchmiesser vun 900 km. Déi doraus ermëttelt Dicht vu 4,2 Gramm pro Kubikzentimeter ass fir Objete vun der Kuiperceinture ongewéinlech héich[1].[2].[3].

Hien ëmkreest d'Sonn an enger bal perfekter Kreesbunn op enger Distanz vun ongeféier 6,5 Milliarde Kilometer (43,588 AE; Perihel 42,008 AE – Aphel 45,169 AE), déi 7,984° géint d'Ekliptik gebéit ass. D'Ëmlafzäit ass ronn 288 Joer.

Mound änneren

 
Quaoar, Ring a Weywot

Am Februar 2007 huet en Team ëm de Mike Brown d'Entdeckung vun engem Mound mat 95 km Duerchmiesser bekannt ginn. Hie gouf op Fotoe vum Joer 2006 entdeckt[4]. Am November 2009 gouf dem Mound den Numm Weywot (Quaoar I) zougewisen.

Geschicht änneren

De Quaoar gouf schonn 1982 vum Astronom Charles Kowal fotograféiert, awer net als Asteroid identifizéiert.

Am Dezember 2004 ass et gelongen, mat dem japaneschen 8-m-Teleskop Subaru den Noweis vu kristallinem Waasseräis an och Ammoniakhydrat op der Uewerfläch vum Quaoar ze maachen. Dat ass iwwerraschend, well ee bei enger Uewerflächentemperatur vu 50 Kelvin eigentlech nëmmen amorpht Äis ouni Kristallstruktur unhuelen däerft. Et sinn Temperature bis zu 110 Kelvin noutwendeg fir de Prozess z'erklären. Elo gëtt ugeholl, datt sech am Kär vum Quaoar nach genuch Radioaktivitéitswäermt ass fir déi Temperaturen auszeléisen. Et entsteet dobäi eng Aart Kryovulkanismus, wéi och um Neptunmound Triton.

D'Entdeckung vum Quaoar hat de Status vum Pluto als Planéit verklengert, zemol Astronome weider Objete wéi de Quaoar an der Kuiperceinture unhuelen. Spéider gouf mat Eris en Objet fonnt dee méi grouss wéi de Pluto ass. Wéinst senger Gréisst ass sech de Quaoar warscheinlech an engem hydrodynamesche Gläichgewiicht, soudatt eng Zouuerdnung zu den Zwergplanéiten z'erwaarden ass.

Visualitéit änneren

Amateurastronome brauche fir eng Observatioun déi genee Koordinaten, e 40-Zentimeter-Teleskop souwéi fir d'Dokumentatioun eng Kamera. Op Fotoen déi hannereneen an e puer Nuechte gemaach goufen, ass den Asteroid als Punkt z'erkennen dee lues weidergeet.

Bunn änneren

 
Den Orbit vum (50000) Quaoar - Polar-Vue
 
Den Orbit vum (50000) Quaoar - Ekliptik-Vue
D'Bunn vum Quaoar (blo)
am Verglach zu deene vum Pluto
(rout) a vum Neptun (gro)
 

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. W. C. Fraser, M. E. Brown, 2010. Quaoar: A Rock in the Kuiper belt ApJ letters (englesch)
  2. The Planetary Society Blog: Quaoar: A rock in the Kuiper Belt (englesch)
  3. SpektrumDirekt: Fernes Kuipergürtelobjekt Quaoar ist Felskugel (7. April 2010)
  4. Asteroids with Satellites - (50000) Quaoar

Um Spaweck änneren

Commons: Quaoar – Biller, Videoen oder Audiodateien