Den (90482) Orcus (Symbol: 🝿; al Bezeechnung 2004 DW) ass en transneptuneschen Objet an der Kuiperceinture.

(90482) Orcus
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Plutino
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 39,342 A.E.
Exzentrizitéit 0,221
Sideresch Ëmlafzäit 246 Joer an 281 Deeg
Inklinatioun 20,589 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 1600 bis 1800 km
Absolut Hellegkeet 2,3
Entdeckung
Entdecker Mike Brown,
Chad Trujillo,
David Rabinowitz
Entdeckungsdatum 17. Februar 2004
Aner Bezeechnungen 2004 DW


D'Bunn vum Orcus (blo) am Verglach zu deene vu Pluto (rout) an Neptun (gro)

änneren

Den Asteroid gouf de 17. Februar 2004 vun engem Astronomenteam vum California Institute of Technology zu Pasadena, USA, entdeckt. Den Numm, dee vun den Entdecker virgeschloe gouf, gouf den 22. November 2004 offiziell ugeholl. Orcus ass de Gott vun der Ënnerwelt aus der réimescher Mythologie.

Eegenschaften änneren

Den Orcus leeft op engem Ofstand tëscht 30,639 AE (Perihel) a 48,046 AE (Aphel) a ronn 247 Joer ëm eis Sonn. Well seng Bunngréisst am grousse Ganze mat där vum Zwergplanéit Pluto iwwereneestëmmt, gëtt en zu der Grupp vun de Plutinoe gezielt.

Den Duerchmiesser vum Orcus gëtt unhand vu senger visueller Hellegkeet op 1.600 bis 1.800 km geschat. Eng exakt Bestëmmung war bis elo nach net méiglech. Bis zu der Publikatioun vun der vum Zwergplanéit Eris am Juli 2005 hat den Orcus als méiglech gréissten, nei entdeckten Himmelskierper am Sonnesystem (zanter der vum Pluto) gegollt.

Mound änneren

Am Februar 2007 huet en Team ëm de Mike Brown d'Entdeckung vum Mound Vanth mat 262 km Duerchmiesser bekannt gemaach, deen op Fotoen entdeckt gouf, déi 2005 gemaach goufen[1].

Andeelung änneren

Et ass z'erwaarden, datt den Orcus méiglecherweis, an déi am Joer 2006 nei definéiert Klass vun de Zwergplanéite klasséiert gëtt. Wéinst senger Gréisst ass hien eventuell am hydrostatesche Gläichgewiicht a misst bal kugelfërmeg sinn. Ëmmerhin ass den Orcus méi grouss wéi den Zwergplanéit Ceres mat engem Duerchmiesser vun 975 km.

Bal grad sou grouss ass allerdéngs den Asteroid (90377) Sedna, mat engem geschaten Duerchmiesser vun tëscht 1.600 a 1.700 km. De Sedna gouf vum selwechten Astronomenteam kuerz virum Orcus fonnt. D'Entdeckung gouf awer eréischt méi spéit publizéiert, well d'extrem Bunnparameter an déi riseg Distanz eng méi laang Observatiounszäit brauchen.

Den Asteroid (50000) Quaoar an den Zwergplanéit (136199) Eris an der Kuiperceinture goufe vum Chad Trujillo an dem Mike Brown entdeckt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: (90482) Orcus – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Asteroids with Satellites – (90482) Orcus and Vanth