De Weywot ass e Mound vum Kuiperceintureasteroid, (50000) Quaoar. Säin Duerchmiesser ass an der Moyenne ronn 95 Kilometer.

Weywot
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Kuiperceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs zirka 14.500 A.E.
Exzentrizitéit 0,14 ± 0,04
Sideresch Ëmlafzäit (12,438 ± 0,005) a
Mëttel Bunnvitess 0,0424 km/s
Inklinatioun

Zwou Léisungen:

(14 ± 4) oder (150 ± 4) Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser (95 ± 24) km
Mass ≈ 8,5  1017?
Mëttel Dicht ≈ 2,8 bis 4,2 g/cm3
Albedo ≈ 0,199
Absolut Hellegkeet 2,82
Entdeckung
Entdecker Michael E. Brown an T.-A. Suer
Entdeckungsdatum 14. Februar 2006
Plaz Hubble-Weltraumteleskop


an Numm änneren

De Weywot gouf de 14. Februar 2006 vum Michael E. Brown a vum T.-A. Suer bei Observatioune vum Quaoar mam Hubble-Weltraumteleskop entdeckt. De Weywot gouf bei 0,35 Bousekonnen Distanz zum Quaoar fonnt, mat enger Differenz vun der visueller Hellegkeet vu 5,6 ± 0,2. D'Entdeckung gouf den 22. Februar 2007 publizéiert an de Mound krut déi virleefeg Bezeechnung S/2007 (50000) 1.

De Brown hat dem Indianerstamm Tongva d'Wiel vum Numm iwwerlooss. Déi hu sech fir de Gott Weywot, de Jong vum Quaoar, entscheet. De Weywot gouf mat engem Gesank vum Quaoar geschaf. Den Numm gouf de 4. Oktober 2009 am MPC 67220 ernimmt a vun der I.A.U. den 11. November 2009 am IAUC 9094 offiziell publizéiert.

Bunneegenschaften änneren

De Weywot kreest an enger liicht elliptescher Ëmlafbunn op ronn 14.500 Kilometer mëttlerer Distanz zum Zentrum (32,584 Quaoarradien) ëm de Quaoar. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,14, d'Bunn steet 14° oder 150° schréi zur Ekliptik.

De Weywot kreest an 12 Deeg, 10 Stonnen an 30 Minutten ëm de Quaoar, wat ronn 8457,7 Ëmleef an engem Quaoar-Joer (ronn 288,01 Äerdjoer) entsprécht.

De Michael Brown hëlt un, datt de Mound bei engem Aschlag um Quaoar entstanen ass, bei deem deen e groussen Deel vu sengem Äismantel verluer huet. D'Mass vum Weywot gëtt op ongeféier 1/2000 vun der Quaoarmass geschat.

änneren

Wann ee vun der selwechter Albedo an derselwechtet Dicht wéi beim Quaoar ausgeet, da kann een op en Duerchmiesser vun zirka 95 ± 24 Kilometer schléissen, deen ongeféier engem Zéngtel vum Duerchmiesser vun Quaoar entsprécht. Warscheinlech ass de Weywot aus dem selwechte Material wéi de Quaoar zesummegesat, aus groussen Deeler vun Waasseräis souwéi Methan an anere gefruerene Gasen, déi e Gestengskär ëmschléissen.

Erfuerschung änneren

Zanter der 2006 konnt de Weywot nëmmen duerch äerdgebonnen Teleskopen observéiert ginn an dobäi goufe seng Bunnelementer bestëmmt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren