D'Chang'e-2 (嫦娥二号) ass déi zweet Raumsond vun der China National Space Administration (CNSA) an déi zweet vun op d'mannst dräi geplangt Missiounen am Moundprogramm vun der Volleksrepublik China. D'Sond war den 1. Oktober 2010 um 10:59 Auer UTC vum Kosmodrom Xichang gestart. D'Sond hat den Äerdmound sechs Méint ëmkreest, fir en ze vermoossen an ze fotograféieren.

Chang'e-2
Kënschtleresch Duerstellung vun Chang'e-2
Typ Moundsond & Asteroidesond
Land China
Agentur CNSA
COSPAR-Bezeechnung 2010-050A
Startmass 2,48 t
Start 1. Oktober 2010
Startplaz Kosmodrom Xichang
Drorakéit CZ-3A
Status aktiv

D'Missioun hat als Virbereedung fir déi mëll Landung vun Chang'e-3 am Joer 2013 gedéngt. Am Dezember 2012 hat d'Sond Chang'e-2 den Asteroid (4179) Toutatis erreecht.

D'Käschtepunkt vun der Missioun gëtt op ronn 900 Millione Yuan respektiv knapps 100 Milliounen Euro beziffert.

Opbau änneren

D'Chang'e-2 war ufanks als Backup fir d'Chang'e-1 virgesinn. D'Sond baséiert och op dem Dong Fang Hong-III-Bus. Solarzellen (knapps 2 kW) fabrizéieren déi elektresch Energie an Drallrieder souwéi Kalgasdüse suerge fir d'Lagreegelung.

Aacht Instrumenter gläichen der Virgängermissioun. D'CCD-Kamera gouf weiderentwéckelt, hir Opléisung mécht aus ongeféier 100 Kilometer Héicht elo siwe Meter aus. Duerch Erofsetze vum Moundorbit um Enn vun der Missioun ka souguer eng Opléisung vun engem Meter erreecht ginn. Déi aner Instrumenter sinn en Detekter fir d'Moosse vun der Deelchestralung vun der Sonn, e LASER-Héichtemiesser, optesch Röntgen- a Gamma-Spektrometer an e Mikrowelleradiometer.

Missiounsverlaf änneren

Am Géigesaz zum Virgänger Chang'e-1 ass d'Chang'e-2 mat engem méi groussen Dreifstoffasaz direkt op den Äerdmound geflunn. Doduerch hat sech d'Fluchzäit vu bal 14 op 5 Deeg verkierzt. D'Moundëmlafbunn war mat 100 Kilometer Héicht iwwer der Uewerfläch nëmmen nach hallef sou héich wéi bei Chang'e-1. Am Mee 2011 gouf de moundnooste Punkt vun der Bunn weider erofgesat a louch nëmme 15 Kilometer iwwer dem Sinus Iridum. Sou konnte Fotoe mat enger Opléisung vun 1,5 Meter pro Bildpunkt vun der geplangter Landeregioun vum Rover Chang'e-3 gemaach ginn.

Den 9. Juni 2011 goufen d'Dreifwierker vun der Chang'e-2 gezünt, an d'Sond hat d'Ëmlafbunn a Richtung Lagrangepunkt L2 vum Sonn-Äerd-System erreecht. Hei blouf si ongeféier zéng Méint, huet de Sonnewand gemooss an huet China wichteg Erfarungen am Betrib vun enger Déifraumsond geliwwert. Am Abrëll 2012 huet si de Lagrangepunkt L2 verlooss fir den äerdnoen Asteroid (4179) Toutatis z'erreechen. Den 13. Dezember 2012 um 08:30 UTC ass d'Sond dann op enger Distanz vun 3,2 km a mat enger Relativvitess vun 10,73 km/s laanscht den Asteroid Toutatis geflunn. Dobäi gouf aus enger Distanz vun 93 bis 240 km eng Billerserie opgeholl.[1]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Discovery News: Chinese probe buzzes asteroid Toutatis