Goldstone Deep Space Communications Complex
De Goldstone Deep Space Communications Complex (GDSCC), och Goldstone Observatory genannt, ass eng Antennen-Anlag an der Mojave-Wüst am Süde vu Kalifornien, USA, 60 Kilometer nërdlech vu Barstow.
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/5/57/70_m_Antenna_in_Goldstone.jpg/220px-70_m_Antenna_in_Goldstone.jpg)
D'Antennenanlag ass en Deel vum Deep Space Network (DSN), engem weltëmspanenden Netzwierk vu Radioantennen, dat den Jet Propulsion Laboratory fir d'NASA fir d'Kommunikatioun mat Raumsonden a Satellitten souwéi fir radio- a radarastronomesch Fuerschungszwecker bedreift. Zwou weider Anlage sinn de Madrid Deep Space Communications Complex a Spuenien an de Canberra Deep Space Communication Complex an Australien.
Déi éischt Parabolantenn zu Goldstone gouf 1966 a Betrib geholl a war déi éischt vum DSN. Hire Parabolspigel gouf Enn vun den 80er Jore vu 64 op 70 Meter Duerchmiesser vergréissert, fir e besseren Datenempfang vun der Raumsond Voyager 2 wärend hirem Passage bei dem baussenzege Planéit Neptun ze kréien. Ufank vun de 1990er Jore gouf de Goldstone Observatory och fir de Sichprogramm SETI gebraucht.[1] Enn 2010 huet d'Anlag, no Moderniséierungsaarbechten, de Reegelbetrib nees opgeholl.[2]
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Goldstone Deep Space Communications Complex – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Status of the NASA SETI Sky Survey microwave observing project Abstract@sciencedirect.com, ; A signal detection strategy for the SETI All Sky Survey abstract@ntrs.nasa.gov, ofgeruff den 23. Juli 2010
- ↑ FlugRevue Januar 2011, S.76, Goldstone ist wieder fit