De Zenit vun engem Punkt op der Äerduewerfläch ass déi no uewe verlängert physikalesch Senkelrichtung, d'Vertikal op d'Horizontfläch. Et ass de Punkt um Himmel, dee genee iwwer dem Observateur ass. De Fousspunkt gëtt Nadir genannt.

Den Diagramm weist d'Bezéiungen tëscht den Zenit, den Nadir an d'Horizonten: Nadir a Zenit si Géigepolen.

Den Numm kënnt vum arabesche samt „Wee, Strooss, Richtung“ oder méi genee vu samt ar-ra′s „Richtung vum Kapp, Scheetpunkt“. Duerch Schreiffeeler a falscht Liese gouf a mëttelalterlechen Texter aus samt, cemt oder zemt an dat zu cenit respektiv zenit.

Op enger geduechter kugelfërmeger Äerd wier de Zenit de Stral, dee vum Mëttelpunkt vun der Äerd aus (vertikal zu der Äerduewerfläch) no uewe verleeft. Op der Referenzellipsoid vun der Geodesie ass et d'Ellipsoidnormal.

De Wénkelofstand vun engem Himmelskierper zum Zenit ass d'Zenitdistanz an ass domat de Komplementarwénkel vun der astronomescher Héicht. All Himmelskierper, déi am Laf vum Dag den héchste Punkt vun hirer visueller Bunn um Zenit erreechen, hunn eng Deklinatioun, déi der geographescher Breet vum Observateur gläichkënnt.

Kuckt och

änneren

Azimut

  Portal Astronomie