De Wäibau gëtt zu Lëtzebuerg laanscht d'Musel, op enger Streck vun 42 km, vu Schengen bis Waasserbëlleg, an och zu Rouspert op der Sauer praktizéiert. D'Lëtzebuerger Wäibauregioun huet eng total Fläch vun 1307 ha, vun deenen 1295 ha vu Lëtzebuerger an 12 ha vun auslännesche Betriber bewirtschaft ginn (2013).

Fundamental Donnéeën

änneren
 
Rieslingsrief

Vun de bebaute Fläche sinn 26 % mat Rivaner-, jee 15 % mat Auxerrois- a Pinot gris-, jee 12 % mat Riesling- a Pinot-Blanc-Riewen a schliisslech 9 % mat Pinot Noir-Riewen ugeplanzt. Den Elbling, dee fréier bis zu 90 % vun der Fläch ausgemaach huet, ass op 7 % zeréckgefall. Donieft gëtt och nach Gewürztraminer a Chardonnay ugebaut, allebéid leie s'ënner 2 % vun der Ubaufläch. Rezent sinn och Versich mat neien, ontraditionelle Riefzorten op der Musel gemaach ginn, mat ë. a. dem Saint Laurent, dem Dakapo, dem Gamay an dem Muscat Ottonel. Si falen allerdéngs an der Statistik net an d'Gewiicht; se maachen zesumme nëmme knapps 11 % vun der Ubaufläch aus.

D'Lëtzebuerger Wäiproduktioun ass duerch extreem staark, wiederofhängeg Schwankunge gekennzeechent, wat, wéinst de klengen, fir den Export disponibele Quantitéiten, d'Prospectioun vun auslännesche Mäert schwéier mécht.

Am Joer 2013 ass zu Lëtzebuerg en Total vun 100.889 Hektoliter Wäi produzéiert ginn. Zur Wäiproduktioun droen haut zu Lëtzebuerg bäi:

  • d'Wënzer, déi Member vun enger Genossenschaftskellerei sinn: eppes 58 % vun der Landesproduktioun;
  • d'Privatwënzer: mat ronn 28 % vun der Produktioun;
  • de Wäinhandel: mat eppes wéi 14 % vun der Produktioun.

Ausser dem Wäin, produzéiert d'Lëtzebuerger Musel och nach zanter 1992 Crémant. Lëtzebuerg huet als eenzegt Land nieft Frankräich d'Recht fir d'Bezeechnung Crémant ze benotzen. Beim Crémant mussen d'Wënzer verschidde streng Konditiounen erfëlle fir datt et Crémant gëtt.

D'Geschicht vum Lëtzebuerger Wäin

änneren

Wann och vu laanger Zäit hier Wäin zu Lëtzebuerg Gebitt produzéiert gëtt, da war dëse Wäin net duerch eng besonnesch Qualitéit bekannt. Et ass nogewisen, datt schonn d'Réimer Wäin op der Musel produzéiert hunn. Wärend der Zäit vum Zollveräin, zu deem och Lëtzebuerg bis nom Éischte Weltkrich gehéiert huet, ass de lëtzebuergesche Wäi benotzt ginn, fir e mat den däitsche Wäiner ze verschneiden. Qualitéitsufuerderunge goufen net gestallt. Dat huet sech geännert, wéi Lëtzebuerg 1922 der Union économique belgo-luxembourgeoise bäigetratt ass, an Efforten huet misse maachen, fir d'Qualitéit ze verbesseren, besonnesch op follgende Pläng:

  • Méi eng rationell Auswiel vun den ugebaute Riefzorten, mam Zil, Qualitéitswäiner ze produzéieren, an deene Riefzorten eng Preferenz ze ginn, déi méi resistent géint d'Rieflaus sinn,
  • Aféierung vun enger Prime de déblavement, am Hibléck op d'Suppressioun vum Wäinubau a schlechte Lagen,
  • Aféierung vun engem Wäibauperimeter,
  • Schafe vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut 1925,
  • Schafe vun enger Marque Nationale, 1935 fir de Lëtzebuerger Wäin an Duerchsetze vu Qualitéitsbestëmmungen,
  • Schafe vun engem Solidaritéitsfong,
  • Promotioun vum Zesummeleeë vun de Parzellen (Remembrement),
  • Kreatioun,1969 vu Protvigne, déi eng geziilt Hëllef soll gi beim Sprëtze vun de Wéngerten an der Bekämpfung vun der Rieflaus.
  • Participatioun zanter 2012 um Projet Terroir Moselle

Den Encadrement vum Lëtzebuerger Wäibau an d'Wäibaugenossenschaften

änneren

D'Wënzer zu Lëtzebuerg hunn ëmmer zesummegehalen, wann et geheescht huet hir Intressien ze vertrieden. Schonn 1911 ass de Lëtzebuerger Wënzerverband (Fédération des associations viticoles du grand-duché de Luxembourg) mat Sëtz zu Gréiwemaacher gegrënnt ginn. Du koum et 1921 zur Schafung vun der éischter Genossenschaftskellerei, där vu Gréiwemaacher an 1925 zur Grënnung vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut. Deemools war de Wäibau an enger kritescher Lag an et huet em missen op ville Plaze gehollef ginn.

Eng wichteg Etapp fir de Wäibau war och d'Zesummeleeë vun de Genossenschaftskellereien. Eng eenzeg, Vinsmoselle, ass no der Fusiounswell nach iwwereg bliwwen.

Marque Nationale

änneren
  00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
 
Collerette "marque nationale" fir de Lëtzebuerger Wäin

Zu Lëtzebuerg ass fir de Wäin 1935 eng Marque Nationale agefouert ginn. Dës Marque Nationale gëtt duerch eng oval Collerette um Fläschenhals dokumentéiert a seet aus, wéinst de Bestëmmunge vun 1935 an hire spéideren Ofännerungen, datt:

  • de Wäin eng lëtzebuergesch Originn huet,
  • hien ënner staatlecher Kontroll steet,
  • hien net mat auslännesche Wäiner verschnidden ass,
  • seng Qualitéit den europäesche Bestëmmungen entsprécht.

Biologesche Wäibau zu Lëtzebuerg

änneren

2012 gouf de Biologesche Wäibau, och nach Bio-Wäibau, vu 7 Wënzerbetriber op am Ganze 25 ha bedriwwen (35 ha am Joer 2013). D'Wënzer ginn dobäi vum Institut fir biologesch Landwirtschaft an Agrarkultur (IBLA) beroden[1].

Wéngerten

änneren

Riefzorten op der Lëtzebuerger Musel

änneren
 
Reklamm fir de Lëtzebuerger Wäin (1965)

D'Groussherzoglecht Reglement vum 6. Mee 2004 leet d'Riefzorte fest, déi op der Lëtzebuerger Musel ugeplanzt däerfe ginn.

Riefzort Ugebaut Fläch (2013)[2] Undeel
Auxerrois 188,06 ha 14,52 %
Chardonnay 23,44 ha 1,81 %
Dakapo 0,88 ha 0,07 %
Elbling 93,11 ha 7,19 %
Gamay 0,56 ha 0,04 %
Gewürztraminer 21,60 ha 1,67 %
Muscat ottonel 0,91 ha 0,07 %
Pinot blanc 158,11 ha 12,21 %
Pinot gris (Ruländer) 188,02 ha 14,75 %
Pinot noir 193,78 ha 14,96 %
Pinot noir précoce 2,01 ha 0,16 %
Riesling 158,89 ha 12,27 %
Rivaner (Muller Thurgau) 330,46 ha 25,52 %
Saint Laurent 3,60 ha 0,28 %
Sylvaner 0,64 ha 0,05 %

Gewëssen aner Riefzorten däerfen allerdéngs fir Versich oder fir wëssenschaftlech Zwecker ugeplanzt ginn. Sou war 2013 de wäisse Sauvignon op enger Fläch vun 0,48 ha a verschidden aner Zorten op enger Fläch vun 3,34 ha ugebaut.

D'Riefzort Dakapo däerf nëmme fir de Coupage benotzt ginn a bis zu maximal 10 % bei de Riefzorten Gamay, Pinot noir, Pinot noir précoce a Saint Laurent bäigemëscht ginn.

Literatur

änneren
  • Anonym, 1999. Guide Klée des meilleurs vins et spiritueux luxembourgeois, Luxembourg.
  • Hemmer, Carlo, 1948. L'économie du Grand-Duché de Luxembourg - Première Partie - Les conditions sociales - La production primaire. Éditions Beffort, Luxembourg.
  • Huberty, J., 1992. Les variétés de vigne cultivées au Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 93: 89-98. PDF (394 kB)
  • Infalt, Constant, 2003. Gedanken zum 75jährigen Jubiläum der Winzergenossenschaftskellerei Stadtbredimus: gravierende Strukturprobleme wurden durch Selbsthilfe in Form von gemeinschaftlichen Einrichtungen besser gelöst! Bauerekalenner Jg. 55: 129-134.
  • Scheuer, Jerry: Marque nationale - appellation contrôlée "Moselle luxembourgeoise", in: Bauerekalenner, Lëtzebuerg, Jg. 55 (2003), Säiten 83-90, ill.
  • Kuhn, Marc: Die Weinkontrolle in Luxemburg, in: Bauerekalenner, Lëtzebuerg, Jg. 57(2005), Säiten 65-70, ill.
  • Gondringer, Marc: Der Weinbau in Gostingen, in: Centenaire des sapeurs-pompiers Gostingen 1905 - 2005, Gostingen, Sapeurs-pompiers, 2005, Säiten 93-103, ill.
  • Rudi & Laurens Mauquoi, Luxemburger Wein - Vin luxembourgeois, Éditions Schortgen, Luxembourg 2012, ISBN 978-2-87953-158-8

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Wäibau zu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Van der Hoef, J., 2012. Biologischer Weinbau nimmt auch in Luxemburg an Bedeutung zu. Das Interesse ist verstärkt vorhanden. Luxemburger Wort vum 22. September 2012, S. 41.
  2. Donnéeë vum Lëtzebuerger Wäibauinstitut „Das Weinjahr 2013 und seine Ernteergebnisse“, Säit 28 (Link op pdf-Dokument)]