Terroir Moselle ass eng international Initiativ fir d'Muselgéigend a besonnesch hir Wäiner, dat vun Toul bis Koblenz, besser bekannt ze maachen an de Verkaf ze fërderen.

De Projet benotzt e Label, deen awer kee Qualitéitslabel ass, mä nëmmen d'Géigend duerstelle soll. Et ass jiddwer Wënzer fräigestallt de Label ze benotzen oder net.[1]

De Label besteet aus engem geschwongenem 'M' mat, drënner, dem Text Terroir Moselle.[2]

Den zentrale Büro vun Terroir Moselle ass zu Gréiwemaacher.[1]

Déi lëtzebuergesch Partner vum Projet sinn d'Commission de promotion des vins et crémants de Luxembourg, de Wäibauinstitut, de Wënzerverband, de Service géologique du Luxembourg an de Projet Leader Miselerland.[1]

Zuelen änneren

Et gëtt eng 10.500 ha Wéngerten an der franséisch-lëtzebuergesch-däitscher Muselgéigend, dovun 180 ha a Loutrengen, 1350 ha zu Lëtzebuerg, 110 ha am Saarland an 8.880 ha a Rheinland-Pfalz.

Et gëtt eng 4000 Wënzerbetriber an der Muselgéigend tëscht Toul a Koblenz, dovu 55 a Loutrengen, 500 zu Lëtzebuerg, 33 am Saarland an 3379 a Rheinland-Pfalz.

Am Gebitt vun Terroir Moselle gëtt et 229 Wënzeruertschaften, dovun 31 a Loutrengen, 22 zu Lëtzebuerg, 4 am Saarland an 172 a Rheinland-Pfalz.[1],[3]

Historique änneren

De Projet Terroir Moselle, deen 2010 ageleet gouf, ass eng Initiativ vun de Wäibauverbänn, touristeschen Organisatiounen, Acteuren aus dem kulturelle Beräich an de Leader-Gruppen aus de Muselgéigenden a Frankräich, Lëtzebuerg an Däitschland.

De Logo,deen aus engem geschwongenem 'M' besteet, gouf de 26. Juli 2012 am Wäibauinstitut zu Réimech offiziell virgestallt.[4]

Literatur änneren

  • Van der Hoef, J., 2012. Moselwein bekommt eine Identität. Luxemburg trägt eine zentrale Rolle bei dem internationalen Projekt. Luxemburger Wort vum 28. Juli 2012, S. 27.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 J. Van der Hoef, 2012. Moselwein bekommt eine Identität. Luxemburger Wort vum 28.7.2012, S. 27.
  2. Dee geschwongenen M soll d'Musel an och dee filigranen an eedle Charakter vum Muselwäin duerstellen.
  3. [Cf. d'Websäit vun Terroirmoselle [1]
  4. En internationale Jury aus deenen dräi Länner huet de Logo ënner de Virschléi vu Studente vum Fachberäich Kommunikatiounsdesign vun der Fachhéichschoul Tréier ausgesicht.