Pinot blanc ass eng wäiss Riefzort, déi op der Lëtzebuerger Musel an haaptsächlech am Elsass ugebaut gëtt. Et fënnt een en awer och an Däitschland ënner dem Numm Weißburgunder an an Norditalien als Pinot bianco. A Kalifornien gëtt e mëttlerweil als Alternativ fir déi schwéier Chardonnay-Wäiner geholl.

Pinot blanc

De Pinot blanc entwéckelt sech am beschten an engem Buedem wou vill Kallek dran ass a wou d'Waasserversuergunng gutt ass.

Eng vun den Haapteegeschafte vum Pinot blanc ass, datt et eng relativ flexibel Riefzort ass an datt en zu ganz verschiddene Wäiner ka gekeltert ginn. Am Inox-Tank gekeltert erënnert e staark un e Riesling an deem een éischter Arome wéi Bier oder giel Friichten eraus schmaacht, an der Barrique entwéckelt e sech zu engem ganz anere Wäin, an deem éischter Vanill-Aromen dominéieren. Well e liicht a frësch ass, ass e gutt fir d'Produktioun vum Crémant gëeegent.

Lëtzebuerg änneren

Den Ubau vum Pinot blanc war op der Lëtzebuerger Musel laang Zäit éischter onbedeitend. Eréischt mam ëmmer méi groussem Succès vun der Produktioun vu Crémant a Qualitéitswäiner huet de Pinot blanc en Opschwong erlieft; haut (2013) mécht e mat 158,11 ha 12,21% vun der Ubaufläch aus[1].

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Pinot blanc – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2013 (Link op pdf-Dokument)