Saint Laurent
De Saint Laurent ass eng Riefzort déi en haut nach just an e puer Wéngerten an Däitschland op der Nahe, an Éisträich, an Tschechien an op der Musel zu Lëtzebuerg fënnt.
Lëtzebuerg
ännerenAm 19. Joerhonnert war de Saint Laurent zu Lëtzebuerg am Wäibau beléift, ass awer ufanks vum 20. Joerhonnert aus de Wéngerte verschwonnen. Zu Lëtzebuerg gouf et 1911 de Saint Laurent nëmmen nach zu Wëntreng an engem Wéngert.[1]
Op der Lëtzebuerger Musel gëtt de Saint-Laurent an der Tëschenzäit erëm vun e puer Privatwënzer ugebaut; am Joer 2013 war dat op enger Fläch vun 3,60 ha.[2]
Synonymmer
ännerenJe no Land a Sprooch ass de Saint Laurent nach bekannt als Sankt Laurent, Blauer Sankt Laurent, Laurenzitraube, Lorenztraube, lovrenac crni, lovrijenac, Pinot Saint Laurent (duerch en Iertem), Saint laurent noir, sentlovrenka, Svatovavřinecké a szent lörine.
Literatur
änneren- Neyen, J. Aug., 1915: Grundriss der Weinbaulehre mit besonderer Berücksichtigung der Weinbauverhältnisse des Großherzogtums Luxemburg
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Fischer, Serge: Saint Laurent. Die Rückkehr einer alten einheimischen Sorte. (Link op pdf-Dokument)
- ↑ Donnéeë vum Institut Viti-Vinicole 2013 (Link op pdf-Dokument)