Dakapo ass eng rout Riefzort, déi 1972 an der Forschungsanstalt Geisenheim vum Oenolog Helmut Becker geziicht gouf. Et ass eng Kräizung aus Deckrot a Blauer Portugieser.

Riefzort Dakapo

Lëtzebuerg änneren

Op der Lëtzebuerger Musel gouf den Dakapo 2013 op enger Fläch vun 0,88 ha ugebaut.[1] Zu Lëtzebuerg kann d'Riefzort Dakapo nëmmen a Cuvéeën zesumme mat Gamay, Pinot noir, Pinot noir précoce a Saint Laurent gebraucht ginn, an dat mat engem Undeel vu maximal 10%[2]. Den Dakapo huet nëmme wéineg Geschmaachsqualitéiten a gëtt haaptsächlech als neutral Riefzort gebraucht fir dem roude Wäi seng Faarf ze ginn[3].

Literatur änneren

  • Schmid, J.; Manty, F; B. Lindner, 2009: Geisenheimer Rebsorten und Klone, Bd 67, ISBN 9783934742567

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Donnéeë vum Institut Viti-Vinicole 2013 (Link op pdf-Dokument)
  2. cf. Artikel 2.-(1) vum Règlement grand-ducal du 6 mai 2004 fixant les variétés de vignes et certaines pratiques culturales et oenologiques, publizéiert am Mémorial A - N° 73 vum 17. Mee 2004, S. 1089
  3. Rudi & Laurens Mauquoi, „Luxemburger Wein“, 2012, Éditions Schortgen, Säit 54, ISBN 978-2-87953-158-8