Pinot noir
De Pinot noir ass eng Riefzort déi mer a ganz Mëtteleuropa erëmfannen, besonnesch a Frankräich (Pinot noir), Däitschland, der Schwäiz (Blauburgunder, Spätburgunder), Lëtzebuerg (Pinot noir) an Italien (Pinot nero).
De Pinot noir ass eng vun den nobele Riewen déi séier zeideg gëtt (am Süden) soudatt se bis an Nordeuropa op ganz gudde Lage kann ugeplanzt ginn. Hire Rendement ass net immens grouss, an do wou no der Qualitéit vum Wäi gekuckt gëtt sprangen net méi wéi 5 Fudder um Hektar eraus.
De Pinot noir gëtt e gudde roude Wäin mat enger schéiner Faarf a vill Aromen dee sech ganz gutt lagere léisst.
Dës Riefzort ass d'Basis vun de grousse Crusen an der Bourgogne mä e gëtt och an der Champagne ugebaut wou säi Moscht (moût), deen, wann en direkt gekeltert gëtt, wäiss ass, an dofir och an der Champagnerproduktioun gebraucht gëtt.
Am beschte gëtt en op Kallekbiedem mat net ze vill héijen Temperaturen.
Lëtzebuerg
ännerenOp der Lëtzebuerger Musel gouf 2011 de Pinot noir op enger Fläch vun 105,20 ha ugebaut.[1]
Um Spaweck
ännerenCommons: Pinot noir – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ Donnéeë vum Institut viti-vinicole 2011 (Link op pdf-Dokument)