Arte

däitsch-franséische Fernseekanal

Arte (Eegeschreifweis ARTE an arte) ass en ëffentlech-rechtleche franséisch-däitschen Televisiounsender, deen zënter 1992 op Sendung ass. Arte steet fir Association relative à la télévision européenne.

Arte
 
De Sëtz vun Arte mam Logo op der Fënster
Typ Europäesch wirtschaftlech Interessegruppéierung
Slogan Chaïne culturelle franco-allemande
Französisch-deutscher Kultursender
Grënnungsdatum 30. Abrëll 1991
Sëtz Stroossbuerg, Frankräich
Branche Kultur, Divertissement, Informatioun
Produit Televisiounssender
Homepage www.arte.tv

Arte selwer bezeechent sech als "Kultursender".

Legal gesinn ass et eng europäesch wirtschaftlech Interessegruppéierung mat Sëtz zu Stroossbuerg. De Contenu gëtt vun Arte Frankräich, deem säi Sëtz zu Issy-les-Moulineaux bei Paräis ass, a vun Arte Däitschland, deem Säi zu Baden Baden ass, produzéiert. All Emissioune riichte sech un de franséischen an den däitsche Public, dowéinst sinn d'Audiospueren an d'Ënnertitelen ëmmer an deenen zwou Sprooche verfügbar.

De Sender gouf 1991 duerch e Staatsvertrag vum 2. Oktober 1990 tësche Frankräich an den 10 fréieren däitsche Bundeslänner a Westberlin gegrënnt. Den 30. Mee 1992 gouf déi éischt Sendung ausgestraalt.[1]

D'Programmatioun vun der däitscher an der franséisch Versioun ass an den Owendstonnen zäitversat, well sech an deenen zwee Länner ënneschidlech Gewunechten etabléiert hunn, wat den Oflaf ugeet (an Däitschland fänkt den Owesprogramm um Véierel op Aacht un, a Frankräich géint Véierel bis Néng).

Um Spaweck änneren

Commons: Arte – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Europa im Fernsehen. Die Gründung des deutsch-französischen Fernsehsenders ARTE vum Nina Johanna Haltern (2009)