Vëlospist PC6
Itinéraire cyclable des trois cantons
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Vëlospist PC6, och nach Dräikantonspist, offiziell Itinéraire cyclable des trois cantons, ass eng vun den 41 Vëlosstrecke vum nationale Reseau zu Lëtzebuerg[1].
D'Dräikantonspist bei Schëffleng | |
Alternativen Numm | Itinéraire cyclable des trois cantons |
---|---|
Lëtzebuerger Numm | Dräikantonspist |
vu(n) | Lénger |
op | Rëmerschen |
Längt | 54 km |
déifste Punkt | Lénger |
héchste Punkt | Zolwer |
Land | Lëtzebuerg |
OpenStreetMap | Vëlospist PC6 |
Streck
ännerenD'PC6 ass 54 km laang a féiert vu Lénger op Rëmerschen. Den déifste Punkt (270 m) ass tëscht Péiteng a Lénger an den héchsten (340 m) zu Zolwer.
Se féiert laanscht oder duerch follgend Uertschaften: Péiteng, Nidderkäerjeng, Suessem, Zolwer, Éilereng, Lalleng, Schëffleng, Näerzeng, Beetebuerg, Léiweng, Peppeng, Schlammestee, Uespelt, Munneref, Elveng, Biermereng a Schengen.
Uschlëss un aner Pisten
ännerenD'Dräikantonspist huet ënnerwee Uschlëss un aner Pisten:
- Aterpist (PC12) zu Péiteng,
- Pist vun de Minettsvirstied (PC9) zu Suessem,
- Zentrumspist (PC1) zu Lalleng a Schëffleng,
- Pist vum Roude Buedem (PC8) zu Keel,
- Pist François Faber (PC10) bei Fenneng.
Bemierkungen
ännerenBiller
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Vëlospist PC6 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Loi du 28 avril 2015 relative au réseau cyclable national et aux raccordements de ce réseau vers les réseaux cyclables communaux op legilux.lu, gekuckt den 1. Juni 2019
- ↑ 2,0 2,1 Websäit vu Ponts et chaussées wwer d'PC6 (kuckt um Spaweck); fir d'lescht gekuckt den 8. Juni 2019