Filmfestival Max Ophüls Preis

De Filmfestival Max Ophüls Preis [sic] ass e Filmfestival, deen all Joer zu Saarbrécken am Saarland organiséiert gëtt. E gëllt als eent vun de wichtegsten Evenementer fir däitschsproocheg Nowuessfilmer.[1] En ass nom Regisseur Max Ophüls benannt, deen zu Saarbrécke gebuer gouf.

De Schwäizer Regisseur Simon Jaquemet mat senger Präisskulptur

Geschicht an Organisatioun änneren

De Festival gouf 1980 vum Michael Beckert, Wilfried Dittmar an Albrecht Stuby gegrënnt. Deemools hat de Festival 700 Visiteuren. Iwwer d'Joren ass d'Zuel vu Visiteuren an vu Filmer, déi gewise ginn, ëmmer weider geklomm. 2018 si ronn 43.500 Persounen op de Festival komm.[2]

Am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Lëtzebuerg 1995 gouf de Festival fir eng Period vun dräi Deeg an d'Stad Lëtzebuerg dezentraliséiert. D'Ouverture war de 15. Januar 1995 am Kino Marivaux. De 17. Januar huet e "Medien-Zuch" d'Festivalbesicher op Saarbrécken bruecht, wou e vum 18. bis den 22. Januar weidergaangen ass.[3]

Well de Festival op Nowuessfilmer spezialiséiert ass, kënnen nëmmen déi éischt, zweet an drëtt Spillfilmer vu jonke Regisseuren a Regisseurinnen deelhuelen. Nieft der Kategorie "Spillfilm" gëtt et ënner anerem awer och d'Kategorien "Documentaire", "Kuerzfilm", "Mëttellaange Film" an de Publikumspräis.

D'Gewënner kréien ënnerschiddlech héich Präisgelder. 2021 waren dat 36.000 Euro fir de beschte Spillfilm (Max-Ophüls-Präis), 5.500 Euro Präisgeld a 5.500 Euro Filmfërderung fir déi bescht Regie, 3.000 Euro fir de beschten Nowuessschaupiller oder déi bescht Nowuessschaupillerin, 13.000 Euro fir dat bescht Dréibuch a 7.500 Euro fir de beschten Documentaire.[4] D'Gewënner gi vun enger Jury entscheet, an d'Jury ass eng aner fir all Präiskategorie.

Lëtzebuerger Filmer um Festival änneren

De lëtzebuergesche Film Hochzäitsnuecht vum Pol Cruchten huet 1993 de Max-Ophüls-Präis gewonnen, also den Haaptpräis fir de beschte Film. D'Filmer Eng nei Zäit (2016)[5] a Gutland (2018)[6] goufen och fir dee Präis nominéiert.

De Film Dammentour vum Paul Scheuer krut 1992 de Präis vun der SZ-Leserjury, deen net méi existéiert.[7]

Och soss lafe reegelméisseg Filmer aus Lëtzebuerg um Festival, zum Beispill Sentimental Journey (1995),[8] Roger (1996), Lumen (2007) oder d'Koproduktioun Tausend Ozeane (2008).[9]

Websäit änneren

Referenzen änneren

  1. tagesschau.de: Regisseur Woschitz für "Universalove" ausgezeichnet (31. Januar 2009)
  2. sr.de: Besucherrekord bei Filmfestival (29. Januar 2018)
  3. Lëtzebuerger Kulturministär, Joresbericht 1995, S. 97
  4. filmportal.de: 42. Filmfestival Max Ophüls Preis gibt Jurys bekannt (5. Januar 2021)
  5. luxtimes.lu: „Eng nei Zäit“ nominated for Max Ophüls Prize (9. Dezember 2015)
  6. wort.lu: „Gutland” für Max-Ophüls-Preis nominiert (20. November 2017)
  7. Preisträger:innen 1980 bis heute um Site vum Festival
  8. Rapport d'activité 1995, Mäerz 1996, S. 95
  9. tagesspiegel.de: Liebe macht sehend vum Martin Schwickert (3. Februar 2009)