Den Themisto (oder Jupiter XVIII) ass ee vun de klengste bekannte Mounde vum Planéit Jupiter.

Themisto
(Jupiter XVIII)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 1
S/1975 J 1
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 7.284.000 km
Periapsis 5.515.400 km
Apoapsis 9.052.600 km
Exzentrizitéit 0,2428
Ëmlafzäit 130,02 Deeg
Ëmlafvitess 4,01 km/s
Inklinatioun 43,254°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser 8 km
Dicht 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
0,002 9 m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 21,0
Entdeckung
Entdecker Charles Kowal,
Elizabeth Roemer
Entdeckungsdatum 30. September 1975

Entdeckung änneren

Den Themisto gouf fir d'éischt den 30. September 1975 vum Astronom Charles Thomas Kowal an der Elizabeth Roemer entdeckt a krut ufanks déi virleefeg Bezeechnung S/1975 J 1. Leider konnten net genuch Observatioune gemaach ginn, fir d'Bunndaten exakt ze bestëmmen, sou datt den Himmelskierper nees verluer goung.

Am Joer 2000 haten d'Astronome Scott S. Sheppard, David C. Jewitt, Yanga R. Fernández an Eugene (Gene) A. Magnier gemengt, si hätten en neie Jupitermound entdeckt. Den Objet krut d'Bezeechnung S/2000 J 1. Et huet sech awer séier erausgestallt, datt et dee Mound war, deen 1975 entdeckt gi war.

Am Joer 2002 gouf de Mound offiziell no der Nereide Themisto, enger Frëndin vum Zeus (lat. Jupiter) aus der Griichesch Mythologie, genannt.

Bunndaten änneren

Den Themisto kreest op enger exzentrescher Bunn op enger mëttlerer Distanz vu 7.507.000 km a ronn 130 Deeg ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2420 an steet mat 43,3° staark schréi zum lokale Laplace-Plang.

D'Bunn vum Themisto ass ongewéinlech, well si sech tëscht de Galiléiesche Mounden an de Mounde vun der Himalia-Grupp beweegt.

Physikalesch Daten änneren

Den Themisto huet en Duerchmiesser vun an der Moyenne nëmmen 8 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Seng Uewerfläch ass däischter. D'Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert.

Mat enger visueller Hellegkeet vun 21m ass de Mound liichtschwaach.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren