Déi Galiléiesch Mounden (och Galiléiesch Satellitten oder Galiléiesch Trabanten) sinn déi véier gréisst Mounde vum Planéit Jupiter: Io, Europa, Ganymed a Kallisto. Si goufen de 7. Januar 1610 als déi éischt Mounde vun engem anere Planéit entdeckt. Den Entdecker war den italieeneschen Astronom an Naturfuerscher Galileo Galilei.

Detailer änneren

 
Jupiter mat senge véier gréisste Mounden.

Mat der Entdeckung vun dëse Mounde konnt fir d'éischt observéiert ginn, datt et Himmelskierper gëtt, déi sech net ëm d'Äerd dréien. Well dat e Widdersproch zum offizielle geozentresche Weltbild vu Kierch a Gesellschaft war, no deem all d'Himmelskierper ëm d'Äerd kreesen, goufe seng Fuerschunge vun aflossräiche Kreesser erschwéiert oder guer net unerkannt. Professeren zu Florenz hu refuséiert op Ufuerderung vum Galilei hin, souguer duerch säin Teleskop ze kucken.

Déi zwou Fotomontagen, aus eenzele Biller vun der Raumsond Galileo zesummegesat, weisen déi Galiléiesch Mounden am richtege Moossstaf zoueneen an zum Jupiter. Hir Distanze vum Riseplanéit sinn awer méi grouss – si leien tëscht dem dräi- bis dräizéngfache Jupiterduerchmiesser.

D'Mounde sinn an der rietser Foto vun uewen no ënnen (an an der ënneschter Foto vu lénks no riets) Io, Europa, Ganymed a Kallisto. Dat ass och d'Reiefolleg vun hirer Distanz zum Jupiter, woubäi de Io dem Planéit am noosten an de Kallisto am wäitsten ass.

 
Déi Galiléiesch Mounde (v. l. n. r.: Io, Europa, Ganymed a Kallisto).

De Galilei selwer huet déi véier Mounden Sidera Medicea – déi „Medicéiesch Himmelskierper“ – genannt. Hir Nimm stamen am Eenzele vum Simon Marius, engem Astronom aus Gunzenhausen, deen 1614 an enger Schrëft iwwer d'Mounde behaapt huet, hien hätt se scho virum Galilei am November 1609 entdeckt. De Marius hat si sengem Markgraf zu Éieren zesummefaassend als Sidera Brandeburgica bezeechent.[1]

 
Galileo Galilei
 
Simon Marius

De Galilei hat virgeschloen, den Ëmlaf vun deene 4 Mounden als weltwäit visuell Auer ze gebrauchen. Mat Tabellen an Observatioune vu Mounddäischterte wier et méiglech, d'Uertszäit an domat de Längtegrad ze bestëmmen. 1676 huet den Ole Roemer zu Paräis nogewisen, datt duerch Verglach vun der Tabell an den Observatiounen, d'Liichtvitess endlech ass. Duerno hu missen d'Tabellen ëm d'Liichtlafzäit korrigéiert ginn. E weidere Problem huet de Pehr Wilhelm Wargentin ëm 1740 um Observatoire Uppsala nogewisen. D'Mounde lafen net wéi eng Auer mat gläichméisseger Vitess ronderëm. Hien huet gemengt, datt déi géigesäiteg Unzéiung vun de Mounden d'Ursaach dofir ass. Dat gouf 1766 vum Lagrange a 1788 a vum Laplace duerch Stéierungsrechnunge fir richteg gehalen. De Laplace huet ausserdeem dorop higewisen, datt déi dräi Mounden Io, Europa a Ganymed an engem stabilen Zäitverhältnes 1: 2: 4, der sougenannten Laplace- oder Bunnresonanz ëmlafen. Hie konnt fir d'éischt domat d'Moundmass berechnen. Haut gëtt déi rar géigesäiteg Verdäischterung vun de Mounde genee observéiert, fir domat d'Bunne vu Raumsonde besser ze berechnen.

D'Galiléiesch Mounde si mat déi gréisst am Sonnesystem. Tatsächlech ass de Ganymed mat engem Duerchmiesser vu 5300 km souguer méi grouss wéi de Planéit Merkur. Hir Uewerfläche si ganz verschidden.

Héich Begeeschterung huet de Mound Io gemaach. Wéi d'Raumsond Voyager 1 laanscht de Mound geflunn ass, goufen aktiv Vulkaner um Mound entdeckt. Et ass deen eenzege bekannten Himmelskierper ausser eiser Äerd, mat aktive Vulkaner. De Mound Europa huet eng rësseg Uewerfläch, ënner där méiglecherweis een Äismoundozean läit.

Déi mëttels Dicht vun de Mounden hëlt of, wat se méi wäit vum Jupiter ewech sinn – d'Material vum Kallisto kann ee mat Steng bezeechnen.

All Jupitermounden déi duerno entdeckt goufen – als fënnefte koum eréischt 1892 den Amalthea mat ronn 150 km dozou – hunn net approximativ déi Gréisst vun de Galiléieschen. Hir total Mass huet trotz 59 gezielte weidere Mounde knapps ee Promille vun der Mass vum Europa, dem klengste Galiléiesche Mound.

Verglach vun e puer Eegenschafte mat deene vum Äerdmound an dem Merkur:

Objet
Eegenschaften
Io Europa Ganymed Kallisto Äerdmound
zum Vergläich
Merkur
zum Vergläich
Duerchmiesser (km) 3.643,2 3.121,6 5.268 4.820,6 3.476 4.878
Mass (1022 kg) 8,94 4,88 14,82 10,76 7,348
(1/81 vun der Äerd)
33,02
Dicht (g/cm3) 3,56 3,01 1,936 1,851 3,345 5,427
Ø Fallvitess
op der Uewerfläch (m/s2)
1,81 1,32 1,81 1,32 1,62
(Äerd: 9,81)
3,7
Ø sphäresch Albedo
Ø geometresch Albedo
 
0,61
 
0,64
 
0,43
 
0,2
0,07
0,12
0,06
0,106
Mëttlere Bunnradius (km) 421.600 670.900 1.070.600 1.883.000 384.405  
Ëmlafzäit (Deeg) 1,76 3,55 7,16 16,69 27,32  

Referenzen änneren

  1. J. S. T. Gehler: Physicalisches Wörterbuch 1798 – Nebenplaneten

Literatur änneren

  • Debarbat, S. and C. Wilson: The Galilean Satellites of Jupiter from Galileo to Cassini, Roemer and Bradley in Planetary Astronomy from the Renaissance to the Rise of Astrophysics, Part A: Tycho Brahe to Newton; edited by R. Taton and C. Wilson in The General History of Astronomy vol. 2A, ed. by M. Hoskin p. 144–158. New York: Cambridge University Press 1989.
  • Morrison, D. ed.: Satellites of Jupiter, Universitéit vun Arizona Press 1982.

Um Spaweck änneren

Commons: Monde des Jupiter – Biller, Videoen oder Audiodateien