Elizabeth Roemer
D'Elizabeth Roemer, gebuer am Joer 1929 zu Oakland, a gestuerwen den 8. Abrëll 2016 zu Tucson (Arizona), ass eng US-amerikanesch Astronomin a pensionéierte Professer op der Universitéit vun Arizona zu Tucson.
Elizabeth Roemer | |
---|---|
Gebuer |
4. September 1929 Oakland |
Gestuerwen |
8. Abrëll 2016 Tucson |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | University of California |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
D'Roemer krut hiren Doktertitel an Astronomie am Joer 1955 op der University of California zu Berkeley. Si huet sech virun allem fir Koméiten an Asteroiden intresséiert, woubäi si sech mat der Astrometrie wéi och mat de physikaleschen Eegenschafte vun de klengen Himmelskierper beschäftegt huet.
Si ass och den Entdecker vum Jupitermound Themisto an den Asteroiden 1930 Lucifer an 1983 Bok.