D'Himalia-Grupp ass eng Grupp vu baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter, déi sech an hire Bunneegenschafte gläichen. Et gehéiere véier Mounden zur Grupp:

Diagramm an deem d'Bunnhallefachse vun de baussenzege Jupiter-Mounden (a Mio. km, horizontal Achs) géint d'Neigung vun hirer Bunn (a °, Hallefbou) opgedroe ginn. D'Gréisste vun de roude Kreesser illustréieren nëmmen déi relativ Moundradien a sinn net am Moossstaf zu de Bunnelementer. Déi giel Linne stellen de Spillraum tëscht dem Jupiternächste resp. -wäitste Punkt vun der jeeweileger Moundëmlafbunn duer. De Kallisto ass als Referenzgréisst uginn.
Detail-Vue vun der Himalia-Grupp aus dem ieweschten Diagramm. Et erkennt een, datt d'Mounde vun dëser Grupp Neigunge vun hirer Bunn tëscht 26° an 29° hunn an ongeféier 11 bis 12 Mio. km vum Jupiter ewech sinn

D'Membere vun der Grupp zielen zu den irreguläre Mounden, deenen hir Bunne staark exzentresch sinn an eng däitlech Neigung (Inklinatioun) géigeniwwer dem lokale Laplace-Plang hunn. De Laplace-Plang vun dëse Mounde fält op dëser Distanz vum Planéit graff mat dem Bunnplang vum Jupiter zesummen, steet awer duerch baussenzeg Aflëss - besonnesch duerch de Saturn - ëm bis zu 1,5° schréi dergéint. Wéi bei alle baussenzege Jupitermounden ënnerleien d'Bunnelementer vun dëse Mounde staarken zäitleche Schwankungen.

D'Moundbunne vun der Himalia-Grupp si prograd (rechtleefeg), dat heescht: d'Mounde lafen an der selwechter Richtung ëm de Planéit wéi d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter. D'Gruppememberen hunn Ofstänn vum Planéit tëscht 11 an 12 Mio. km, wat ongeféier 22 % vum Hill-Radius gläich kënnt (stabil Orbiter si fir prograd Mounde bis maximal 47 % vum Hill-Radius méiglech).

Baussenzeg Jupitermounde mat dësen Eegenschafte kréien zënter 1976 en Numm, dee mat engem a ophält, wougéint d'Nimm vu retrograden (réckleefege) irreguläre Jupitermounde mat engem e ophält (regulär Mounde sinn ëmmer prograd).

D'Himalia-Grupp ass no hirem gréisste Vertrieder genannt, dee gläichzäiteg de fënneftgréisste vun alle Jupitermounden ass. D'Grupp ass méiglecherweis aus engem eenzegen Asteroid entstanen, dee vum Jupiter duerch d'Gravitatioun agefaange gouf a spéider duerch d'Awierkung vun de Gezäitekräften a Stécker gebrach ass.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie