Frank Gehry
De Frank Owen Gehry, gebuer den 28. Februar 1929 zu Toronto, Ontario als Ephraim Goldberg, ass e kanadesch-US-amerikaneschen Architekt an Designer, deen zanter 1947 a Kalifornien lieft. HIen ass bekannt fir seng Entwërf am Stil vun der dekonstruktivistescher Architektur an zielt zu deene bekanntsten amerikaneschen Architekten.
Frank Gehry | |
---|---|
Gebuertsnumm | Frank Owen Goldberg |
Pseudonym | Gehry, Frank Owen |
Gebuer |
28. Februar 1929 Toronto |
Nationalitéit | USA, Kanada |
Educatioun |
Universitéit vu Südkalifornien, Harvard Universitéit |
Aktivitéit | Architekt |
Member vun | Europäesch Wëssenschafts- a Konschtakademie, American Academy of Arts and Letters, Royal Academy, American Academy of Arts and Sciences |
De Gehry ass de Jong vun den Nokomme vu jiddeschen Emigranten aus Polen. Schonn als Kand huet hie mat Material aus sengem Bop senger Quincaillerie Stied an Haiser zesummegebastelt, Hien huet op der USC zu Los Angeles bis 1954 Architektur studiéiert. Duerno huet en op der Harvard Graduate School of Design en Zweetstudium an Urbanismus gemaach. Zanter 1962 huet de Gehry säin eegenen Architektebüro zu Los Angeles ënner dem Numm Gehry Partners, LLP.
Um Ufank vu senger Carrière huet de Gehry nach konventionell gebaut. Eréischt géint der Enn vun den 1970er Joren huet e seng architektonesch Formesprooch verännert, andeems e méi "schappech" Materialie wéi Wellblech odeer Sperrholz mat verschafft huet (beim Miwweldesign alt emol Wellkartong). Charakteristesch fir säi Baustil sinn zanterhier eng gebrache Geometrie, Linnen, däi ausernee lafen, Formen, déi op d'Kopp gestallt goufen, an, wat typesch ass fir den dekonstruktivistesche Stil, de Fait, datt Deeler vun de Gebaier wéi bei engem Collage zesummegeprafft goufen.
1989 krut hien de Pritzker-Präis.
Gebaier vun him
ännerenZu senge bekanntste Gebaier zielen
- de California Aerospace Museum zu Santa Monica, Kalifornien (1982–1984)
- de Vitra Design Museum zu Weil am Rhein (1989)
- de Vitra Center zu Birsfelden bei Basel
- den American Center zu Paräis (1991–1994) (haut Cinémathèque française)
- de Weisman Art Museum vun der University of Minnesota
- e Bushaische bei BUSSTOPS zu Hannover (1994)
- den Zentrum für Kommunikation und Technologie zu Bad Oeynhausen (1991–1995)
- den Energie – Forum – Innovation in Bad Oeynhausen (1992–1995)
- d'Haus dat danzt (Tančící dům) zu Prag (1996), mam Vlado Milunić
- de Guggenheim-Musée zu Bilbao (1991–1997)
- den Neuer Zollhof am Düsseldorfer Medienhafen (1997–1999)
- den Experience Music Project zu Seattle (1999–2000)
- de Gehry-Tower zu Hannover (2000–2001)
- d'Gebai vun der DZ Bank zu Berlin (2001)
- d'Walt Disney Concert Hall zu Los Angeles (1999–2003)
- de MARTa Herford Musée zu Herford (2001–2005)
- den Hotel Marques de Riscal, zu Elciego (Spuenien) (2003–2006)
- d'Vergréisserung vun der Art Gallery of Ontario (AGO) zu Toronto (2004–2008)
- d'Haaptgebai vum Novartis Campus zu Basel (2009)
- de Wollekekrazert 8 Spruce Street zu New York (2006–2011)
- de Lou Ruvo Center zu Las Vegas (2007–2010)
- den New World Center zu Miami Beach (2008-2011)
- d'Gare Barcelona-Sagrera zu Barcelona (2008-2013)
Literatur (Auswiel)
änneren- Mathewson, Casey: Frank O. Gehry: 1969 – heute. Feierabend Verlag, Berlin 2006, 600 S., 700 farbige Abb., ISBN 3-89985-270-2.
- Ragheb, J. Fiona u. a.: Frank Gehry. Architect. Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 2001, 392 S., 408 Abb., ISBN 3-7757-1048-5. (englisch)
- Bruggen, Coosje van: Frank O. Gehry. Guggenheim Museum Bilbao. Hatje Cantz Verlag, Ostfildern 1997, ISBN 3-7757-0722-0.
Um Spaweck
ännerenCommons: Frank Gehry – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit vum Gehry sengem Architektebüro
- Frank-Gehry-Dossier an der New York Times
- „Frank Gehry zum Achtzigsten. Er lehrte seine Bauten das Tanzen“, Frankfurter Allgemeine Zeitung, 28. Februar 2009, illustr.