The Night of the Hunter
The Night of the Hunter ass en US-amerikanesche Film vum Charles Laughton aus dem Joer 1955 no engem Roman vum Davis Grubb.
Film | |
---|---|
Produktiounsland | USA |
Produktiounsjoer | 1955 |
Première | 1955 |
Dauer | 89 min |
Faarf | Schwaarz-Wäiss |
Format | 1,66:1 - |
Filmformat | 35 mm |
Originalsprooch | Englesch |
Ekipp | |
Regie | Charles Laughton |
Dréibuch |
James Agee Charles Laughton no engem Roman vum Davis Grubb |
Fotografie | Stanley Cortez |
Musek | Walter Schumann |
Schnëtt | Robert Golden |
Dekoren | Hilyard M. Brown |
Produzent |
Paul Gregory Paul Gregory Productions |
Schauspiller | |
Robert Mitchum als Harry Powell Shelley Winters als Willa Harper Lillian Gish als Rachel Cooper James Gleason als Birdie Steptoe Evelyn Varden als Icey Spoon Peter Graves als Ben Harper Don Beddoe als Walt Spoon Billy Chapin als John Harper Sally Jane Bruce als Pearl Harper Gloria Castillo als Ruby | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Ëm wat geet et am Film?
ännerenDen Harry Powell (Robert Mitchum) versicht, aus dem Prisong entlooss, als Priedeger an der Famill vum higeriichte Bankraiber Ben Harper ënnerzekommen. Hie wëll erausfanne wou den Harper d'Geld vum Bankiwwerfall verstoppt huet...
Soss
ännerenBeim Public a bei de Kritiker hat de Film bei senger Premiere kee Succès, sou dat The Night of the Hunter den eenzege Film ass deen de Schauspiller Charles Laughton als Regisseur gedréint huet.
Mat de Joren goufen d'Qualitéite vum Film awer vun de Kritiker ëmmer méi unerkannt. An de Cahiers du Cinéma gëtt de Film an der Lescht vun den 100 beschte Filmer vun der Welt gefouert.