Scheedbësch

Bësch an der Gemeng Lëtzebuerg

De Scheedbësch (och nach De Scheed[1]) ass e Bësch am Quartier Hamm vun der Stad Lëtzebuerg. E läit am ëstlechste Wupp vun der Haaptstad.

De Bësch huet eng Fläch vun am Ganzen ongeféier 136 ha an e grenzt am Westen un d'Autobunn A1, am Norden un d'Nationalstrooss 2 an am Osten un den CR159 (Sandweiler - Izeg). Am Süden trennt d'Gemengegrenz, déi gréisstendeels vun der Huerbaach gemaach gëtt, e vum Bësch mam Numm Schleed an der Kadastersektioun Izeg vun der Nopeschgemeng Hesper.

Diagonal duerch de Bësch - vun Nordwesten a Richtung Südosten - verleeft d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Waasserbëlleg. Nërdlech vun der Eisebunn läit den amerikaneschen Zaldotekierfecht. Den CR234 (allée Dwight D. Eisenhower a Val du Scheid) mécht Verbindung tëscht der N2 an dem CR159 beim Scheedhaff.

Geschicht änneren

Am Scheedbësch soll fréier d'Grenz tëscht dem mëttelalterleche Moselgau an dem Wavergau verlaf sinn. De Bësch ass mat der Bezeechnung „Scheit“ op der der Ferrariskaart vu 1777 agezeechent. No der Franséischer Revolutioun haten sech wéi et schéngt eng ganz Rëtsch Leit déi vun Esch fort gelaf waren, am Bësch opgehalen[1].

Op d'mannst vum 18. Joerhonnert un ass am Scheedbësch de Conterdag gefeiert ginn. Bei där Geleeënheet ass déi helleg Walburga ugebiet ginn, fir déi „béis Aen“ ze heelen oder eppes géint de „béise Bléck“ z'ënnerhuelen. Mat der Zäit gouf awer aus der Wallfaart en ze vill weltlecht Fest mat Wäin an Danz, an d'Kierch huet 1865 déi grouss Pressessioun verbueden[2].

Originne vum Numm änneren

Den Numm Scheedbësch kënnt vum Flouernumm Scheed, deen et ganz dacks gëtt, a mat deem gemenkerhand d'Grenz vun engem Feld oder engem Bësch gemengt ass[1]. De Scheed ass awer och eng vun den héije Plazen am Biergréck deen den Uelzechtdall vum Sirdall trennt.

Biller änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Scheedbësch – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Henri Beck, Bruno Baltzer, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? „Val du Scheid“ on Ons stad Nr 65/2000, S. 31
  2. Lemma „Conterdag“ am Luxemburger Wörterbuch um Portal infolux.lu