D'Walburga oder Walpurgis, och nach als Helleg Walburga / Walpurgis bekannt, gebuer 710 zu Devonshire, Wessex, an England a gestuerwen de 25. Februar 779 zu Heidenheim war d'Duechter vum Kinnek Richard vun England („Richard de Pilgerer“, deen 1150 helleggesprach gouf) an der helleger Wunna. Hir Bridder waren de Willibald an de Wunibald (oder Winebald).

Helleg Walburga
D'Walburg op engem Bild vum Meeschter vu Meßkirch am Philadelphia Museum of Art
Titel
Titel Äbtissin
Biographie
Gebuer 710 jul.
Crediton
Gestuerwen 25. Februar 779 jul.
Heidenheim
Papp Richard vun England
Mamm Wunna
Geschwëster Wunibald, Willibald vun Eichstätt
Aktivitéit Hegumenos
Aner Informatiounen
Reliéisen Uerden Benediktiner
Statut Hellegen
Gedenkdag 25. Februar

Biographie

änneren

Si war Schülerin vun der helleger Tatta, enger Märtyrerin, am Wimborne Monastery zu Dorset. 748 n. Chr. ass si vum Hellege Bonifatius, dem Brudder vun hirer Mamm, als Missionarin an Däitschland geruff ginn an huet als Nonn am Klouschter Tauberbischofsheim gelieft.

Mat 3 Éie soll si e Kand virum Hongerdoud gerett hunn; um Wee bei d'krank Duechter vun engem Buerghär soll si vun Hënn ugegraff gi sinn, déi si awer mat Rou gelooss hunn, nodeem se de Kniechten déi hir zu Hëllef komme wollten, zougeruff huet, si géif ënner dem Schutz vu Jesus Christus stoen.

761 n. Chr. ass d'Walburga Äbtissin vum Benediktiner-Klouschter Heidenheim op der Brenz a Franke ginn, dat de Wunibald 751 gestëft hat. Si huet d'Männerklouschter mat engem Fraeklouschter erweidert.

De 25. Februar 779 ass si gestuerwen an am Klouschter bäigesat ginn. 100 Joer méi spéit sinn der Walpurga hir Reliquien an d'St.-Walburg-Kierch op Eichstätt komm.

D'Walburga ass vum Poopst Hadrian II. een 1. Mee gutt 100 Joer no hirem Doud helleggesprach ginn.

Veréierung

änneren

Am Mëttelalter war der Walburga hire Festdag den Dag vun hirer Hellegspriechung (den 1. Mee); hautdesdaags ass et gemenkerhand de 25. Februar; absënns an England ass et awer nach den 1. Mee.

Si ass d'Patréinesch:

Duerstellungen

änneren
  • Als Äbtissin mat 3 Éien
  • Als Äbtissin mat Engelen déi eng Kroun iwwer si halen
  • Als Äbtissin am Stammbam vun de Kinneke vun England
  • Nieft hirem Graf dat en Ueleg ofsonnere soll
  • Mat enger Phioul Ueleg
  • Als kinneklech Äbtissin mat enger klenger Fläsch Ueleg an engem Buch
  • Mat engem Zepter, enger Kroun
  • Mat hire Bridder, dem hellege Willibald an dem hellege Wunibald

Verschiddenes

änneren
  • Drëpsen déi hir Grafplack vun Zäit zu Zäit ofsonnert erginn deen a Fläschen ofgefëlltenen heelkräftege "Walpurgisueleg"
  • Walpurgiskraut (Hypericum) ass eng Bléieplanz déi op den Heedewisen an dréchene Grashiwwele wiisst. Et gëtt nieft Mëllechkane geluecht a soll géint d'Verhexung vun der Mëllech schützen a fir räich Ram suergen. Op Brout verfiddert soll et d'Fruchtbarkeet vun de Ranner steigeren.
  • De Brauchtem vun der Walpurgisnuecht huet u sech näischt mat der helleger Walburga ze dinn. Den Numm kënnt dohier datt Beltane, respektiv den Hexesabbat an der d'Nuecht vum 30. Abrëll op den 1. Mee, dee jo den Dag vun der helleger Walpurga ass, gefeiert ginn ass.

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Helleg Walburga – Biller, Videoen oder Audiodateien