Conterdag

Haaptfestdag vun der helleger Walburga

De Conterdag (och nach Grousse Walburgisdag oder Walperdag), war den Haaptfestdag vun der helleger Walburga, deen zu Conter gefeiert gouf.

D'helleg Walburga

E gouf de 5. Sonndeg no Päischte mat enger feierlecher Oktave gefeiert an dobäi gouf de Walburgisueleg an d'Walburgiswaasser geseent, déi allebéid als therapeutesch Mëttel géint „béis Aen“ oder e „béise Bléck“ hëllefe sollten. Op deem Dag konnt een och seng Sënnen nogelooss kréien ((de)Ablass, (fr)indulgences). Et sollen alt bis zu 10.000 Gleeweger, déi deels aus dem Ausland koumen, op Conter gepilgert sinn.

De Kult léisst sech fréistens vum 18. Joerhonnert un noweisen. No enger kuerzer Ënnerbriechung wärend de Jore vun der Revolutioun gouf de Brauch nees opgeholl, mä et hat sech schonn deemools e gewësse Mëssbrauch ageschlach. Am Scheedbësch, nordwestlech vu Conter gouf d'Fest mat vill Wäin, Danz an Ëmgeréits gefeiert an d'Kierch war gezwongen d'Pressessioun vun 1865 un ze verbidden, well d'Fest ze vill weltlech Formen ugeholl hat.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren