Parverband Sandweiler-Syrdall
De Parverband Sandweiler-Syrdall war bis 2013 e Parverband an der Pastoralregioun Lëtzebuerg an huet aus follgende 4 Pare mat enger Filialkierch bestanen. E gouf an den neie Parverband Nei Par Sektor Ost integréiert.
- Éiter (ouni d'Uertschaft Schraasseg)
- Conter
- Mutfert
- Sandweiler
Dës 4 Paren an d'Filialkierch verdeele sech iwwer d'Gebitt vun de Gemenge Conter a Sandweiler.