Mister Science
De Mister Science ass e Personnage deen 2009 vum Fonds national de la recherche an d'Liewe geruff gouf, fir d'Wëssenschaften an d'Lëtzebuerger Fuerschung an de Medie méi populär ze maachen. Op der Tëlee souwéi um Radio gëtt hie vum Diplom-Cheemiker Joseph Rodesch verkierpert.

Den Tëlee- a Radiostudio vum Mister Science ass an der aler Sandweiler Gare.
Medienoptrëtter änneren
Mister Science op Eldoradio änneren
Wëssenschaftlech Froen aus dem Alldag ginn hei beäntwert.
Erfanner/Erfindung vun der Woch op RTL Radio Lëtzebuerg änneren
All Woch e Reportage iwwer eng Erfindung oder en Erfanner deen eis Welt e klengt Stéck verännert huet.
Pisa Wëssensmagazin op RTL Télé Lëtzebuerg änneren
Am Kader vum Pisa-Wëssensmagazin op RTL mécht de Mister Science en Experiment zum Theema vun der Sendung.
Weider Aktiounen änneren
Fouer Science änneren
Op der traditioneller Schueberfouer erkläert de Mister Science unhand vu Comics, déi vum Andy Genen gemoolt goufen, d'Wëssenschaft vun der Fouer an allem wat dozou gehéiert.
Animateur scientifique Formatioun änneren
Pro Joer ginn 3 Formatiouns-Weekender beim Service national de la jeunesse ugebuede fir Jonker vu 17 Joer un. D'Thematike si ganz verschidden a beschäftege sech mat wëssenschaftlechen Animatiounen.