Pierre Funck (Architekt)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Architekt Pierre Funck. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Pierre Funck. |
De Pierre Funck, gebuer den 30. Abrëll 1846[3],[4],[5] an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 8. Mee 1932[6], war e lëtzebuergeschen Architekt.
Pierre Funck | |
---|---|
Gebuertsnumm | Peter Funck |
Gebuer |
30. Abrëll 1846 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
8. Mee 1932 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | École nationale supérieure des beaux-arts |
Aktivitéit | Architekt |
Member vun | Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange |
Famill | |
Kanner | Paul Funck |
Hien huet op der École des beaux-arts zu Paräis Architektur studéiert an do en Diplom gemaach.
Vun him sinn de Konvikt, d'Gebaier vun der Champagenerkellerei Mercier, d'Letelliers-Schlass um Ousterholz an zesumme mam Paul Funck dat aalt Gebai vun der Banque internationale à Luxembourg entworf an ausgeféiert ginn. Zesumme mat sengem Jong Paul Funck huet en de Stater Cercle Municipal, zesumme mam Münchener Architekt Max Ostenrieder, d'Schlass vu Colmer-Bierg, an zesumme mat sengem Schwéierpapp, dem Architekt Jean-François Eydt, d'Badanstalt an der Biedergaass an der Stad Lëtzebuerg vun 1873 bis 1875[7] gebaut.
Den 10. September 1880 war hie Matgrënner vun der Société Anonyme du «Casino de Luxembourg».[8]
Hien huet zesumme mam Pierre Kemp tëscht 1880 an 1882 de Casino Luxembourg an der Ënneschtgaass gebaut.
Beim Bau vun der Fondation Pescatore huet hien, zesumme mam Pierre Kemp, d'Aarbechte geleet. A Loutrengen huet en eng ganz Rëtsch Gebaier fir Schmelzen an hir Direktioune gebaut, an zu Saarbrécken an zu Metz d'Haiser vun der Banque Internationale. Och eng ganz Rei Haiser zu Lëtzebuerg si vun him geplangt ginn, sou z. B. d'Servais-Haus um Stater Boulevard Royal oder de Conrotseck um Krautmaart.
Den 12. März 1896 war hien, zesumme mat sengem Brudder Michel Matgrënner vun der Société anonyme des hauts-fourneaux de Differdange.[9]
De 26. Juni 1896 war hie Matgrënner vun der Société Anonyme «des ardoisières d'Asselborn».[10]
1899 huet hien zou Beyren d'Primärschoul gebaut.[11]
1903 huet hien d'Kierch an d'Parhaus zu Hunchereng gebaut.[12],[13],[14]
Den Pierre Funck huet och eng Rei Patenter déposéiert. Sou huet hien zesummen mam Mannheimer Ingenieur an Architekt Peter Bender, Patenter ugemellt fir d'Äiskellere vun de Brauereien ze killen.[15],[16] Mam Jean-Pierre Cito huet hi Patenter ugemellt fir d'Kupplunge vun der Eisebunnsgefierer méi sécher ze maachen.[17],[18],[19],[20],[21],[22],[23]
De Pierre Funck ass um Nikloskierfecht um Lampertsbierg begruewen, zesummen am Familljegraf mat sengem Schwéierpapp, dem Jean-François Eydt, a sengem Fils, dem Paul Funck.
Säin Enkel, den Herbert Funck, huet d'Dr. Martens-Schong mat entwéckelt.
Seng Niess, d'Adolphine Funck war mam Ernest Vander Linden bestuet a seng Neveue waren de Karl an de Paul Bonatz, och bekannt Architekten.
Säi Monni war den Nicolas Funck.
Gielchen
änneren- Chevalier vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1904)[24]
- Chevalier avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (9. September 1911)[25]
Literatur
änneren- Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 159
- Philippart, R., 2007. Pierre Funck (1846-1932). In (S. 116): Luxembourg. Historicisme et identité visuelle d'une capitale. 207 S. éditions saint-paul. ISBN 978-2-87963-694-8
- Kunnert, Jemp, 1987. Les architectes de la ville de 1817 à 1987. ons stad 24, S. 6-10. [1]
Um Spaweck
ännerenCommons: Pierre Funck (Architekt) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Cf, den Datum am Steen ganz uewen um Gebai.
- ↑ Den Numm vum Architekt ass, riets ënner dem Ecktuerm, iwwer der Pietà, an de Stee gemeesselt.
- ↑ Gebuertsakt 178/1846 an der Stad Lëtzebuerg vum Pierre (Peter) Funck
- ↑ Pierre Gilbert, La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, S. 159
- ↑ Etat Civil vun der Stad Lëtzebuerg Gebuertsakt 178/1846 Säit 187
- ↑ Doudesannonce vum Pierre Funck am Luxemburger Wort vum 11. Mee 1932
- ↑ Les architectes de la ville 1817-1987 : Jemp Kunnert ons stad 24/1987, 1987.
- ↑ Mémorial A N° 66 vum 23. September 1880
- ↑ Mémorial A N° 29 vum 19. Mee 1896
- ↑ Mémorial A N° 44 vum 16. Juli 1896
- ↑ renovation-de-batiments-desaffectes-pour-le-locatif-social-ancienne-ecole-de-beyren-flaxweiler Archivéiert de(n) 20.08.2019. Gekuckt de(n) 10.06.2019.
- ↑ Großherzogtum an der Obermosel-Zeitung vum 28. Februar 1902, Säit 2
- ↑ Großherzogtum an der Obermosel-Zeitung vum 27. Juni 1902, Säit 2
- ↑ Lokal-Neuigkeiten am Luxemburger Wort vum 7. Oktober 1903, Säit 3
- ↑ Mémorial A N° 33 vum 7. Mee 1881
- ↑ Mémorial A N° 48 vum 20. September 1884
- ↑ Mémorial A N° 52 vum 1. Oktober 1887
- ↑ Mémorial A N° 52 vum 5. Abrëll 1888
- ↑ Mémorial A N° 58 vum 31. Dezember 1889
- ↑ Mémorial A N° 6 vum 8. Februar 1890
- ↑ Mémorial A N° 11 vum 6. Mäerz 1890
- ↑ Mémorial A N° 71 vum 30. Dezember 1892
- ↑ Mémorial A N° 59 vum 30. September 1896
- ↑ Mémorial A N° 50 vum 23. Juli 1904 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
- ↑ Lokales am Luxemburger Wort vum 20. September 1911, Säit 3