Pierre Kemp

lëtzebuergeschen Architekt

De Pierre Kemp, gebuer den 13. Oktober[1] 1841 zu Sandweiler a gestuerwen den 19. Juli 1895 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Architekt. 1880 huet hien zesumme mam Pierre Funck de Concours gewonne fir de Casino Luxembourg an der Ënneschtgaass ze bauen. Op Basis vun de Pläng vum Tony Dutreux (1838-1933), huet hien tëscht 1886 an 1892, zesumme mam Pierre Funck (1846-1932), d'Bauaarbechte vun der Fondation Pescatore ausgeféiert.

Pierre Kemp
Gebuer 13. Oktober 1841
Sandweiler
Gestuerwen 19. Juli 1895
Lëtzebuerg
Aktivitéit Architekt
Famill
Kanner Alphonse Kemp
D'Familjegraf um Nikloskierfecht.

Hie war de Papp vum Architekt Alphonse Kemp (1872-1950).

Bauwierker änneren

Literatur änneren

  • Gilbert, P., 1986. La capitale et ses architectes: illustration critique de l'architecture dans la métamorphose d'une ville en un siècle. Institut grand-ducal, section des arts et des lettres, 222 S. Imprimerie Saint-Paul. BNL LB 1061, S. 158

Referenzen an Notten änneren

  1. Sou de Gebuertsakt; cf. d'Diskussioun:Pierre Kemp.