Conrotseck
De Conrotseck ass en Eckgebai an der Uewerstad an der Stad Lëtzebuerg, um Eck vum Krautmaart an der rue du Palais de Justice.
De Conrotseck (2013) | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Adress | Eck Krautmaart/Rue du Palais de Justice |
Koordinaten | 49° 36’ 42.6’’ N 6° 07’ 56.3’’ O |
Architekt(en) | Pierre Funck |
Statut | Klasséiert Monument (INPA) |
Historesches
ännerenDe Léon Conrot, e Geschäftsmann an Associé vun der Duchfabréck op der Polvermillen[1], huet 1897 no de Pläng vum Pierre Funck eng „nei“ Fassad am Neo-Renaissance-Stil baue gelooss; de Conrot wollt, datt säin Haus tëscht den Haiser rondrëm sollt erausstiechen.
D'Gebai steet zanter dem 30. November 1989 op der Lëscht vum Inventaire supplémentaire vun de klasséierte Monumenter.[2]
Gebai
ännerenDe markanten Erkertuerm sollt un den deemolege Regierungspalais erënneren, deen haitege Groussherzogleche Palais.
An der Fassad war eng Auer agebaut, déi drun erënnere sollt, datt d'Zäit a privat a berufflech Deeler opgedeelt gëtt. Och den Numm vum Proprietär „Conrot-Lenoël“ war op der Fassad, ënnert der Auer, ze gesinn; allebéid goufe se méi spéit awer ewechgeholl.
Op der säitlecher Fassad vum Haus ass eng Pietà mat engem Sockel, op deem d'Joer 1570 agravéiert ass; donieft steet den Numm vum Architekt deen d'Fassad vun 1897 geplangt huet, Pierre Funck.
Ier d'Gebai 1934 vun der Banque générale du Luxembourg (haut BGL BNP Paribas) kaaft gouf, waren eng Mercerie[3] an e Spillbuttek dran etabléiert. An den 1950er Jore war um 2. Stack eng Stéckerei[4].
Uganks vun den 1990er Joren ass d'Gebai komplett renovéiert an entkäert ginn, eenzeg d'Fassad ass ursprénglech[5], allerdéngs, wéi de Verglach vun enger aler Foto mat enger rezenter beweist, ëm eng Fënster no riets erweidert (op "Käschte" vum Nopeschhaus).
Biller
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Conrotseck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Duchfabréck op der Polvermillen op www.industrie.lu; fir d'lescht gekuckt de 14. Dezember
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Arrêté royal grand-ducal du 18 janvier 1882 Grënnungsstatute vun der „S.A. Manufacture de Pulvermühl“
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ Zanter 1927 d'Maison Ch. Stein.
- ↑ Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt Säit 63, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4
- ↑ Jemp Kunnert "Et la série continue..." am Forum Nr 143, Abrëll 1993