Badanstalt (Stad Lëtzebuerg)

ëffentlech Schwämm an der Stad Lëtzebuerg

D'Badanstalt, offiziell Centre de relaxation aquatique "Badanstalt" (fréier: Bains municipaux oder Les Bains du Centre), ass eng ëffentlech Schwämm mat Wellnessberäich an der Biedergaass, déi vun der Stad Lëtzebuerg bedriwwe gëtt.

Centre de relaxation aquatique
"Badanstalt"
Vue laanscht de Boulevard Royal
Land Lëtzebuerg
Plaz Uewerstad
Adress 12, Rue des Bains
Koordinaten 49° 36’ ’’ N 06° 07’ ’’ E
Architekt(en) Pierre Funck (1)
Jean-François Eydt (1)
Alphonse Kemp (2)
Romain Hoffmann (3)
Carlo Schemel (3)
Datum vum Bau 1873-1875 (1)
1906-1910 (2)
1990-1992 (3)
Proprietär Stad Lëtzebuerg

D'Installatioune bestinn aus engem mëttelgrousse Schwammbaseng mat Whirlpoolen a Waasserstrutz, zwou Saunakabinnen, engem tierkesche Bad, engem Fitnessraum, Duschen a Buedbidden, an engem Solarium.

Um Rez-de-chaussée gëtt et e Restaurant mat Terrass; vum Baseng aus huet een Accès op d'Cafeteria.

Geschicht

änneren

Als Virleefer vun der haiteger Badanstalt bestoung op der selwechter Plaz schonn zënter 1873 eng änlech Ariichtung. Et war deemools nach keng Schwämm, mä eng Ariichtung mat ëffentlechen a medezinesche Bieder an enger Wäscherei fir d'Stater Awunner. Dat ursprénglecht Gebai war vum Architekt Pierre Funck, zesumme mat sengem Schwéierpapp, dem Architekt Jean-François Eydt, vun 1873 bis 1875 gebaut ginn.[1]

Ënnert de Buergermeeschter Alphonse Munchen huet de Schäfferot de 15. Juli 1904 decidéiert, fir eng nei Badanstalt mat Wäscherei – fir e Käschtepunkt vu 650.000 Frang – ze bauen. Dat neit Gebai gouf no de Pläng vum Architekt Alphonse Kemp gebaut an huet bis haut, trotz grousse Renovatiounen säin baussenzege Charakter mat der Fassad am Jugendstil behalen.

D'Exekutiounspläng goufen de 15. Dezember 1905 approuvéiert an de Gemengerot huet den 13. Januar 1906 de Projet an den Devis vum Architekt eestëmmeg ugeholl. D'Gebai ass am Juli 1908 ageweit ginn. An der Badanstalt gouf et deemools ë. a.:

  • ëffentlech Duschen an 32 Buedbidden: e Luxusbad mat kompletter Wäsch huet 1,25 Frang kascht, en Éischt-Klass-Bad (um Rez-de-chaussée) mat 2 Dicher 0,60 Frang an en Zweet-Klass-Bad (um 1. Stack) mat just engem Duch 0,40 Frang;
  • e Schwammbaseng vu 15,40 × 24,40 m[2] mat zwéi Sprangbrieder, déi néidege Vestiairen an enger Galerie, wou bis zu 200 Spectateure Plaz haten;
  • iresch-réimesch Bieder, Tepidarium, Sudatorium, Knietraum (Massageraum), waarm a kal Bieder, Rouraim, asw.
  • e Raum fir schweedesch Heelgymnastik;
  • eng ëffentlech Wäscherei;
  • Damp- a Stroumzentralen;
  • Déngschtwunnengen.

Mat Ausnam vum Thermalbad zu Munneref war d'Stater Badanstalt bis 1950 (wéi déi Escher Badanstalt opgaangen ass) déi eenzeg iwwerdeckt Schwämm am Land[3].

Nodeems schonn 1934 d'Kuelenheizung mat enger Mazoutsheizung ersat gouf an 1935 eng Anlag fir d'Waasser z'enthäerten a Betrib goung, sinn 1963 fir 2,35 Millioune Frang verschidde Renovatiouns- a Moderniséierungsaarbechten ënnert dem stätteschen Architekt Eugène Schmit realiséiert ginn. Bei deenen Aarbechte gouf ë. a. de Plaffong am Beräich vum Baseng méi déif geluecht, fir eng besser Akustik ze kréien. Et gouf och eng Anlag agebaut fir d'Waasser ze filteren, sou datt et vun dunn un net méi néideg war, eemol an der Woch de ganze Baseng eidel lafen ze loossen an nees mat frëschem Waasser opzefëllen.

Wärend dem Zweete Weltkrich ass de Betrib an der Badanstalt gréisstendeels virugelaf, just eeben ënnert dem Kommando vun der Besatzungsmuecht. De Swimming Club – deen och an der Badanstalt trainéiert huet – gouf awer opgeléist, well en net mam Besatzer kollaboréiere wollt.

Reegelméisseg ëm Chrëschtdag goufen an der Badanstalt Schwammfester mat Spektakele ronderëm de Waassersport organiséiert.

Bis uganks vun den 1980er Jore koume reegelméisseg Schoulklassen aus dem Jongelycée, dem Lycée Robert-Schuman an dem Fieldgen fir hir Schwammstonnen an d'Badanstalt, bis ë. a. d'Schoulschwämm am Kolléisch, d'Schwämm zu Bouneweg oder och nach d'Coque opgaange sinn.

Wéinst dem vereelzten Zoustand vum Gebai an den Installatiounen huet d'Stater Gemeng 1982 decidéiert fir d'Badanstalt ëmzebauen an un d'Ufuerderunge vun der Zäit unzepassen, woubäi den urspréngleche baussenzegen Aspekt sollt bestoe bleiwen. Et gouf en Architekteconcours ausgeschriwwen an de Centre de relaxation aquatique ass no de Pläng vun den Architekte Romain Hoffmann a Carlo Schemel realiséiert ginn. Aus der fréierer Schwämm ass e richtege Centre aquatique mat Saunaen an anere Wellnessberäicher gemaach ginn. D'Ouverture war am Hierscht 1990.

Wéinst engem Tëschefall, bei deem Salzsaier ausgelaf war, huet d'Badanstalt 18 Deeg no der Ouverture provisoresch nees missen zougemaach ginn[4]; eréischt den 12. Abrëll 1991 ass de Betrib erëm opgaangen[5].

Brasserie

änneren

Mat der Ouverture 1990 als Centre aquatique ass och eng Brasserie am westlechen Deel vum Gebai (um Eck mat der Pescatore-Avenue) opgaangen. D'Brasserie ass fir de grand Public vu baussen accessibel an d'Visiteure vun der Schwämm hu vum Beräich wou de Baseng ass d'Méiglechkeet eppes ze drénken oder z'iessen ze kafen.

Am Ufank housch d'Brasserie Restoclub am Pull an ass vum Zapp Mertes an der Nicole Theis exploitéiert ginn. Vun 2008 u war et d'Brasserie Aubergine[6], bis déi wéinst engem Brand den 31. Oktober 2022 dunn huet missen zoumaachen. D'Feier hatt ë. a. d'Brasserie um Rez-de-chaussée zerstéiert, grad wéi aner Deeler vum Gebai, Fënsteren, Maueren a Plafongsverkleedungen. De ganze Restauratiounsberäich huet komplett missen erneiert ginn. D'Renovatiounsaarbechte goufen no de Pläng vu WW + architektur + management realiséiert.

D'Reouverture ënnert dem Numm Brasserie Torino An der Schwemm[sic] war den 20. Mee 2025.

Literatur

änneren

Quelle vum Artikel, wou net anescht uginn:

  • Weyer, Lex et al. D’Badanstalt : centre de relaxation aquatique. Luxembourg: Adm. communale, 1992. Print.
  • Walter, Vibeke, et Luxembourg  Administration communale. Badanstalt : 100 Joer - 100 ans. Luxembourg: Commune, 2008. Print.
  • Dossier de presse: Inauguration brasserie « Badanstalt », 21.05.2025, Ville de Luxembourg

Um Spaweck

änneren
   Commons: Badanstalt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Les architectes de la ville 1817-1987: Jemp Kunnert ons stad 24/1987, 1987.
  2. d'Moosse vun 15,40 × 24,40 m stinn am Analytesche Bericht vun der Gemengerotssëtzung vum 13. Januar 1906; aner Quellen (cf Vibeke Walter, S. 18) nennen eng Längt vu 25 Yards (≈ 22,5 m)
  3. (fr) Roland Baldauff, De la Zaldoteschwemm à la Piscine Olympique S. 47. Ons Stad (2006). Gekuckt de 26.05.2025.
  4. (de) Renovierte Badeanstalt für sechs Wochen geschlossen S. 10. Revue, 46. Jg., nº 49 (05.12.1990). Gekuckt de 26.05.2025.
  5. (de) D'Badanstalt as erëm op S. 12. Revue, 47. Jg., nº 16 (17.04.1991). Gekuckt de 26.05.2025.
  6. (de) {REVUE RESTOTIPP} Brasserie Aubergine S. 57. Revue, 68. Jg., nº 5 (30.01.2013). Gekuckt de 26.05.2025.