Sexualitéit
Sexualitéit (aus dem lat. sexus > Sex = Geschlecht, och nach Geschlechtlechkeet, Sexualdriff oder Geschlechtsidentitéit) ass en ëmfaassende Begrëff fir all Erschéngungen a Virgäng, déi mat dem Sexual- resp. Geschlechtsliewen ze dinn hunn. Dëse Begrëff steet souwuel fir déi anatomesch wéi och déi psycho-biologesch Sexualitéit.
An der Ëmgankssprooch gëtt de Begrëff am breeden Zesummenhank dacks och einfach ënner sengem Prefix "Sex" gebraucht.