Regierung Bech-Bodson

Koalitiounsregierung

D'Regierung Bech-Bodson war eng CSV-LSAP Koalitiounsregierung , déi den 29. Dezember 1953 aus enger Ëmbildung, nom Doud vum Staatsminister Pierre Dupong, ervirgaange war.

Si gouf e puer Méint drop, bei de Chamberwale vum 30. Mee 1954, confirméiert. Den 29. Juni 1954 sinn den Emile Colling an de Paul Wilwertz derbäikomm.

Zesummesetzung änneren

Vum 29. Dezember 1953 bis den 29. Juni 1954 änneren

  • Joseph Bech (CSV): Staatsminister; Regierungschef; Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister fir Landwirtschaft a Wäibau
  • Pierre Frieden (CSV): Minister fir Erzéiung, Bevëlkerung a Famill, den Interieur, Gesondheet,de Kultus, Konschten a Wëssenschaften
  • Victor Bodson (LSAP): Justizminister; Bauten- an Transportminister
  • Nic Biever (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung, Grouwen an Assistance sociale
  • Michel Rasquin (LSAP): Minister fir Wirtschaft an Erëm-Opbau
  • Pierre Werner (CSV): Finanzminister; Arméiminister

Vum 29. Juni 1954 bis den 29. Mäerz 1958 änneren

  • Joseph Bech (CSV): Staatsminister; Regierungschef; Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister fir Wäibau
  • Pierre Frieden (CSV): Minister fir Erzéiung, Bevëlkerung a Famill, den Interieur, de Kultus, Konschten a Wëssenschaften
  • Victor Bodson (LSAP): Justizminister; Bauten- an Transportminister
  • Nic Biever (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung, Grouwen an Assistance sociale
  • Michel Rasquin (LSAP): Wirtschaftsminister (den 20. Januar 1958 zeréckgetrueden)
  • Pierre Werner (CSV): Finanzminister; Arméiminister
  • Emile Colling (CSV): Landwirtschaftsminister, Gesondheetsminister
  • Paul Wilwertz (LSAP): Generalkommissär (spéider ëmbenannt a Staatssekretär) fir Wirtschaft (vum 20. Januar 1958 u Wirtschaftsminister)

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren