Regierung Frieden
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Lëtzebuerger Regierung vum Premierminister Pierre Frieden vun 1958-1959. Fir déi ënnert dem Premierminister Luc Frieden vun 2023, kuckt wgl. Regierung Frieden-Bettel. |
D'Regierung Frieden, eng Koalitiounsregierung aus CSV an LSAP, ass den 29. Mäerz 1958 vereedegt ginn an huet aus 6 Ministeren an engem Staatssekretär bestanen.
An der Sëtzung vum 9. Dezember 1958 huet d'Chamber no enger Diskussioun iwwer e Versuch vun der Bestiechung vun engem Beamten eng Motioun ugeholl[1], mat där déi dräi sozialistesche Ministeren an de Staatssekretär dem President vun der Regierung hire Récktrëtt iwwerreecht hunn. De Récktrëtt vun de véier sozialistesche Membere vun der CSV-LSAP-Koalitiounsregierung huet zum Récktrëtt vun der Regierung gefouert. Den 20. Dezember goufen zwéin Arrêté grand-ducalen am Memorial publizéiert, mat deenen d'Chamber opgeléist[2] an Neiwale fir den 1. Februar 1959 festgeluecht goufen[3].
Den 2. Mäerz 1959 gouf d'Regierung Frieden dunn duerch d'Regierung Werner-Schaus I ofgeléist, déi aus de Chamberwale vum 1. Februar 1959 ervirgaange war.
Zesummesetzung
änneren- Pierre Frieden (CSV): Regierungschef; Minister fir Erzéiung, Konschten a Wëssenschaften, Kultus, d'Bevëlkerung an d'Famill; Inneminister
- Joseph Bech (CSV): Minister fir Aussebezéiungen an Aussenhandel; Minister fir Wäibau
- Victor Bodson (LSAP): Justizminister; Bauten- an Transportminister
- Nic Biever (LSAP): Minister fir Aarbecht, Sozialversécherung, Grouwen an Assistance sociale
- Pierre Werner (CSV): Finanzminister; Arméiminister
- Emile Colling (CSV): Landwirtschaftsminister, Gesondheetsminister
- Paul Wilwertz (LSAP): Wirtschaftsminister
- Henry Cravatte (LSAP): Staatssekretär fir Wirtschaft
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Thewes, Guy: Les gouvernements du Grand-Duché de Luxembourg depuis 1848, ISBN 2-87999-118-8
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2013, Service information et presse du gouvernement (2014)
- Le gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg 2018 , Service information et presse du gouvernement (2019)
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Déclaration de M. le Ministre de la Justice au sujet de la soumission relative au relaissement de la station de contrôle de Sandweiler op chd.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019
- ↑ Arrêté grand-ducal du 18 décembre 1958, portant dissolution de la Chambre des députés op legilux.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019
- ↑ Arrêté grand-ducal du 18 décembre 1958 portant convocation des collèges électoraux de toutes les circonscriptions op legilux.lu, gekuckt den 2. Mäerz 2019