Fédération du sport cycliste luxembourgeois

D'Fédération du sport cycliste luxembourgeois, ofgekierzt FSCL (bis den 23. Februar 1947: Fédération des sociétés cyclistes luxembourgeoises), ass de lëtzebuergesche Verband vum Vëlossport.

Fédération du sport cycliste luxembourgeois
Ofkierzung FSCL
Grënnungsdatum 13.05.1917
(ASBL 12.10.2006)
Sëtz 3, route d'Arlon
L - 8009 Stroossen
President Camille Dahm
Generalsekretär Edouard Buchette
Member vu(n) UCI, UEC
Websäit https://www.fscl.lu/

D'FSCL ass 1917 gegrënnt an den 12. Oktober 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1]. Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL, der Union cycliste internationale (UCI) an der Union européenne de cyclisme (UEC).

Historique änneren

Grënnung änneren

Den 13. Mee 1917 sinn am Café des Mille Colonnes Vertrieder vun néng Vëlosveräiner zesummekomm fir d'FSCL ze grënnen. Am éischte Comité waren de Nobert Duren als President, de Michel Wormeringer als Vizepresident, de François Peusch als Sekretär an de Nicolas Bewing als Tresorier.

Déi éischt Federatioun war d'Union vélocipédique luxembourgeoise (UVL). De 4. Mee 1896 war eng Reunioun vu verschidde Veräiner fir eng Federatioun op d'Been ze setzen. De 7. Juni ass dann zu Munneref déi éischt Vëlosfederatioun vun de Veräiner „Rapid “Lëtzebuerg, „Veloce-Club“ Diddeleng a „Veloce-Club“ Rëmeleng offiziell gegrënnt ginn. Am Comité waren: Ferdy Schaeffer, Lëtzebuerg, President; Kihn, Diddeleng, Vizepresident; Klensch, Lëtzebuerg, Sekretär; Meysenburg, Rëmeleng, Tresorier. Member waren: Henri Baclesse, Lëtzebuerg; Wenner, Diddeleng a Wilhelm (Kayl ?).

Vun 1908 u gouf et allerdéngs ënner dem Félix Wilmes eng Cyclistesektioun an der Fédération des sociétés luxembourgeoises des sports athlétiques, ofgekierzt FSLSA, déi sech ëm de Vëlossport zu Lëtzebuerg bekëmmert huet.

Weider Entwécklung änneren

Déi éischt affiliéiert Veräiner waren:

  1. Union vélocipédique Strassen
  2. La Pédale Muhlenbach
  3. Vélo Sport Mamer
  4. Club cycliste Hollerich
  5. La Pédale 07 Schifflange
  6. Les cyclistes Useldange
  7. L'Express Mondercange
  8. Les cyclistes Kayl
  9. Union cycliste Rollingergrund

Organisatioun änneren

Presidenten[2] änneren

Membere vun der FSCL änneren

  1. Amis du cyclisme de la commune de Contern
  2. Club cycliste 67 Mondercange
  3. Club cycliste international Differdange
  4. Cycling Team Atertdaul
  5. Cycling Team Kayldall
  6. Cycling Team Toproad Roeserbann
  7. Endurance Leudelange
  8. Guidon Alzingen
  9. Guidon Belvaux
  10. Guidon Bertrange
  11. Hirondelle Schuttrange
  12. HirondelleRumelange
  13. Karibu Sports Lënster
  14. Mullerthal Cycling
  15. Muselbikes
  16. Pédale 07 Schifflange
  17. Pédale Mühlenbach
  18. Postcycling
  19. Red Rock Challenge
  20. Sport a Fräizäit Zéisseng
  21. Team Snooze
  22. Trailhunters Mersch
  23. Union cycliste Dippach
  24. Union cycliste Ettelbruck
  25. Union cycliste Munnerëfer Vëlosfrënn
  26. Union cycliste Pétange
  27. Union cycliste Rodange
  28. Vélo union Esch
  29. Vëlo Wëntger
  30. Vëlo Woolz
  31. Vëloclub Diekirch
  32. Vëloclub Mamerdall
  33. Vëloclub Schengen
  34. Velosfrënn Gusty Bruch
  35. Vëlosveräin Tooltime Préizerdaul
  36. Vitesse Bettembourg
  37. VTT Esch

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F5864 agedroen
  2. Dirigenten Der FSCL von 1917 bis 2011 - Präsidenten, Bressler, Henri, Fernand Thill, 2011: Die Geschichte des Luxemburger Radsports. Band 2. Fahrer und Vereinigungen., Éditions Schortgen, ISBN 978 2 87953 115 1, S. 156