Union cycliste internationale
D'Union cycliste internationale, ofgekierzt UCI, ass eng Organisatioun ouni Gewënnzwéck déi de 14. Abrëll 1900 zu Paräis gegrënnt gouf. Si besteet aus den nationale Vëlosfedératiounen. Grënnungsmembere waren deemools déi national Vëlosfederatiounen aus der Belsch, Frankräich, Italien, Schwäiz an de Vereenegte Staate vun Amerika.
De Sëtz vun der UCI ass zu Aigle an der Schwäiz.
Fir als neie Member an d'UCI ze kommen, muss eng national Federatioun vum Kongress (d'Vertrieder vun den unerkannte Federatiounen) ugeholl ginn.
D'Presidente vun der UCI änneren
- Emile de Beukelaer (1900-1922)
- Léon Breton (1922-1936)
- Max Burgi (1936-1939)
- Alban Collignon (1939-1947)
- Achille Joinard (1947-1958)
- Adriano Rodoni (1958-1981)
- Luis Puig (1981-1990)
- Hein Verbruggen (1991-2005)
- Patrick McQuaid (vun 2005 un)
Um Spaweck änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Union cycliste internationale – Biller, Videoen oder Audiodateien |