Paräisser Gebaier

(Virugeleet vu(n) Paräisser Bauwierker)

  Haaptartikel zu dësem Theema: Paräis 

Déi eelst Gebaier vun der Stad Paräis stinn am Quartier Latin un der Montagne-Sainte-Geneviève, wou sech zanter 52 v. Chr. Réimer néiergelooss hunn. Déi staark restauréiert Iwwerreschter vun den Arènes de Lutèce aus dem 1. Joerhonnert an d'Ruine vun den Therme vu Cluny aus der Zäit ëm 200 n. Chr. sinn déi eenzeg siichtbar Spuere vun der gallo-réimescher Epoch. Nom Ënnergang vum Réimesche Räich si virun allem Sakralbauten entstanen, wärend sech d'fränkesch Deelkinneken, déi zu Paräis gewunnt hunn, de fréiere Palais vun de réimesche Statthalter op der Île de la Cité als Residenz geholl hunn, deen am Laf vun de Joerhonnerten ëmmer nees vergréissert a verännert gouf, an haut als Palais de la Cité bekannt ass. Déi eelst Deeler vum Palais de la Cité - dorënner d'Sainte-Chapelle vum Architekt Pierre de Montreuil- déi nach erhale sinn, goufen am 13. Joerhonnert ënner dem Louis IX. gebaut. Zu dësen Deeler zielen och déi ënnescht Partië vum Bonbec-Tuerm un der Nordfassad. Déi zwéin aner Tierm Tour d'Argent an Tour de César souwéi den Ecktuerm Tour de l'Horloge, deen am 19. Joerhonnert staark verännert gouf, sinn e bësse méi spéit ënner dem Philippe IV. entstanen. Hanner der massiver Duebeltuermanlag verstoppt sech déi nom fréiere Palaisverwalter genannt Conciergerie, déi schonn ëm 1400 als Prisong benotzt gouf, a wärend der Franséischer Revolutioun als "Waardesall fir d'Guillotine" benotzt gouf.

Sainte-Chapelle

Schonn 1358 haten d'Kinneken de Palais de la Cité als Kinneksresidenz zu Gonschte vum Hôtel Saint-Pol (deen et haut net méi gëtt), der Buerg vu Vincennes am Oste vu Paräis, an der Buerg vum Louvre - schonn 1190 ënner dem Philippe-Auguste gebaut - opginn.

De Louvre wéi mir en haut kennen ass d'Resultat vu ville Baucampagnen ënner ville verschiddene Kinneken, eng Mëschung aus Mëttelalter, Renaissance, Barock a Second-Empire. Ausserdeem koum 1981 op Wonsch vum Staatspresident François Mitterrand dat "ënnerierdescht Räich" vum Louvre mat der Pyramid vum Architekt Ieoh Ming Pei dobäi, wat an éischter Linn geschaf gouf, well d'Infrastrukture fir de Musée gefeelt hunn.

Aus der zweeter Hallschent vum 15. an dem 16. Joerhonnert komme vill interessant Hôtels, Stadpalaisen, wéi zum Beispill den Hôtel de Sens deen tëscht 1475-1507 am Optrag vum Tristan vu Salazar, dem Äerzbëschof vu Sens, entstanen ass, den Hôtel Carnavalet, dee 1548 fir de Geriichtspresident Jacques de Ligneris ugefaange gouf, den Hôtel Lamoignon deen ëm 1585 fir d'Diane vu Frankräich entworf an haut dem Louis Métezeau zougeschriwwe gëtt, souwéi den Hôtel de Sully, de Stadpalais vum Finanzinspekter Mesme Gallet, deen de Roland de Neufbourg 1630 no de Pläng vum Du Cerceau fäerdeggestallt huet. Et ass haut de Sëtz vum Veräi fir Monumentefleg.

Um lénksen Ufer vun der Seine huet de Jacques d'Amboise, Abt vu Cluny tëscht 1485 a 1510 nieft de Ruine vun de réimeschen Thermen den Hôtel de Cluny, dee schonn zanter 1330 eng Stadresidenz war, komplett nei baue gelooss. Haut ass an dësem Gebai de Musée National du Moyen Âge.

Hôtel de Ville

Mam Buer Fontaine des Innocents hunn de Pierre Lescot an de Jean Goujon vu 1547 bis 1549 e Wierk geschaf, dat haut zu de wichtegsten Zeie vun der fréier Renaissance zu Paräis zielt. Allerdéngs gouf d'Unuerdnung vun den dräi originale Buersäiten, déi ursprénglech eng Tribün duergestallt hunn, an der zweeter Hallschent vum 19. Joerhonnert komplett verännert, an eng véiert Säit koum dobäi. Den originalen Hôtel de Ville war tëscht 1551 a 1628 op Uregung vum Kinnek François I. no de Pläng vum italieeneschen Architekt Dominico da Cortona, genannt Boccadoro, am Stil vun de Schlässer vun der Loire entstanen. Dëst Gebai ass 1871 wärend dem Opstand vun der Commune komplett ofgebrannt. Dat haitegt Gemengenhaus ass eng Kopie vu sengem Virgänger. D'Gebai am Stil vum Klassizismus mat 146 Statuen op der Fassad gouf an de Joren 1874 bis 1882 gebaut a vun den Architekten Théodore Ballu (1817-1885) a Pierre Deperthes (1833-1898) entworf. Et steet am 4. Arrondissement op der Place de l'Hôtel de Ville.

Palais du Luxembourg

De Palais du Luxembourg gouf am Joer 1615 vun der Maria vu Medici als Landschlass wäit baussent den deemolege Stadgrenze beim Architekt Salomon de Brosse an Optrag ginn. Deelweis goufen awer och d'Pläng vum Palazzo Pitti zu Florenz benotzt, an dee sech d'Kinniginmamm a Régente an hirer Kandheet verléift hat. D'Gaardesäit gouf am 19. Joerhonnert immens verännert. Zanter 1852 ass hei de franséische Senat doheem, an de Schlasspark Jardin du Luxembourg gouf der Ëffentlechkeet zur Verfügung gestallt.

De Palais-Royal, nërdlech vum Louvre, gouf an de Jore 1627 bis 1629 vum Jacques Le Mercier fir den éischte Minister vum Louis XIII., de Kardinol Richelieu gebaut, an ass no sengem Doud un d'Kroun gaangen, an huet säin haitegen Numm kritt. De Louis XIV. ass hei opgewuess. Hautdesdaags sinn hei d'Comédie-Française, de Staatsrot, de Verfassungsrot an de Kulturministère ze fannen. Un den Haff, an deem den Daniel Buren en interessant Konschtwierk geschaf huet, schléisst sech e schéine Gaart un.

Weider wichteg Baute vum 17. Joerhonnert sinn d'Barockkierch vum Val-de-Grâce-Klouschter, de Collège des Quatre-Nations, haut Sëtz vum Institut de France, d'Invalidenheem an den Observatoire.

Entrée vum Palais de l'Élysée

De Palais de l'Élysée, ursprénglech Hôtel d'Évreux a spéider no der Strooss Avenue des Champs-Élysées genannt, déi no dobäi läit, ass den Amtssëtz vum franséische Staatspresident. Erbaut gouf en an de Joren 1718 bis 1722 no de Pläng vum Architekt Armand-Claude Mollet, deen den Terrain ronderëm kuerz virdrun un de Grof vun Évreux, den Henri-Louis de la Tour d'Auvergne, verkaaft hat, a vun dësem den Optrag vir de Bau vun enger Residenz kritt hat. Nom Doud vum Grof am Joer 1753 huet d'Jeanne-Antoinette Poisson, besser bekannt als d'Marquise de Pompadour, de Palais kaaft an huet en duerch hiren Architekt bannendra stilvoll ariichte gelooss. De Gaart gouf no hire Virstellunge vergréissert an ëm e Labyrinth erweidert. De Palais läit nërdlech vun der Seine am fréiere Faubourg Saint-Honoré nëmmen e puer Schrëtt vun de Champs-Élysées an der Place de la Concorde ewech.

Ënner dem Louis XV. sinn d'grandios Baute vum Ange-Jacques Gabriel entstanen, déi d'Nordsäit vun der Place de la Concorde bilden; d'„La Monnaie“ oder Hôtel des Monnaies, eng Wierkstad fir Mënzen ze klappen, d'École Militaire, déi tëscht 1771 a 1777 vum Jacques-Denis Antoine geschaf gouf, ass och e Wierk vum Ange-Jacques Gabriel. De bei wäitem imposantste Bau ass awer de Panthéon, e Kuppelbau, dee souwuel bei déi sakral wéi och bei déi profan Gebaier passt, well en e puermol seng Bestëmmung geännert huet.

De Panthéon

De Panthéon gouf tëscht 1764 a 1790 vum Jacques-Germain Soufflot a senge Schüler als Klouschterkierch fir d'Benediktinerabtei gebaut, déi deemools nach hei stoung a wou nach de Refektorium an en Tuerm am Lycée Henri IV erhale sinn. No der Franséischer Revolutioun vu 1789 gouf d'Kierch zu enger nationaler Éierenhal erkläert. Nodeem en am 19. Joerhonnert e puermol seng Bestëmmung gewiesselt huet, ass de Panthéon zanter 1885 nees eng Éierenhal vu Frankräich. Dementspriechend illuster ass och d'Lëscht vun de Leit, déi hei bäigesat goufen: Voltaire, Victor Hugo, Émile Zola, Jean-Jacques Rousseau, Marie Curie. 1849 war et dem Physiker Foucault gelongen, mat dem Pendel wat no him genannt ass, den empiresche Beweis fir d'Erdrotatioun ze fannen. D'Pendel steet haut an der Kapell vum Musée des arts et métiers.

Dat schéinst Bauwierk vum Premier Empire, wann och net dat representatiivst, ass den Arc de Triomphe du Carrousel deen tëscht 1806 an 1809 vum Charles Percier an der sougenannter Cour Napoléon vum Louvre gebaut gouf.

Nach wärend dem Bau vum Arc de Triomphe du Carrousel huet den Napoleon 1806 de groussen Triumphbou op der Place de l'Etoile an Optrag ginn, deen eréischt 1836 ënner dem Louis-Philippe fäerdeg ginn ass. Als Inspiratioun huet den - wann och däitlech méi klengen - Titusbou zu Roum gedéngt. E steet am Zentrum vun der Plaz, déi zanter 1970 Place Charles de Gaulle - Étoile hescht, um westlechen Enn vun der Avenue des Champs-Élysées, an ass en Deel vum Axe historique, enger Rei vu Monumenter a grousse Stroossen, déi weider westlech an d'Défense-Véirel weisen.

Am selwechte Joer gouf de Bau fir en Tempel zu Éiere vun der napoleonescher Grande Armée geplangt. Dat Gebai, wat eréischt 1842 fäerdeg gouf, kenne mir haut als Madeleine-Kierch.

Am Premier Empire gouf och den Optrag fir de Bau vun der Bourse ginn. 1808 goufen d'Aarbechte vum Alexandre-Théodore Brongniart ugefaangen, an no sengem Doud 1827 vum Éloi de Labarre fäerdeggestallt.

Zanter der Mëtt vum 19. Joerhonnert huet sech d'Stad, déi bis dohi staark vum Mëttelalter markéiert war, an eng prestigevoll a modern Metropol entwéckelt, déi mat hire Weltaustellungen d'Bewonnerung vun Dausende vu Besicher ervirgeruff huet. Paräis verdankt seng breet Stroossen, verschidde Brécken, Plazen a Parken, souwéi d'Anlag vun den zwéi Stadbëscher der Stadsanéiereung déi nom Wëlle vum Napoleon III. vum Baron Haussmann duerchgefouert gouf, an deen den neie Stroossen den typeschen „Haussmann-Stil“ ginn.

Kréinung vun dëser Epoch ass d'Opéra Garnier(1861 - 1875) vum Charles Garnier.

Fir den Neibau vum Universitéitsgebai vun der Sorbonne gouf 1885 de gréisste Paräisser Schantje vum 19. Joerhonnert opgemaach, wann een d'Konstruktioun vum Eiffeltuerm net mat abezitt. Eréischt 1901 waren déi éischt Aarbechten ofgeschloss. D'Sorbonne, eng vun den eelsten Universitéiten nërdlech vun den Alpen, war schonn am 13. Joerhonnert am Quartier Latin gegrënnt ginn. Hei hu verschiddener vun de wichtegste Philosophe vum Mëttelalter studéiert a geléiert.

Eiffeltuerm

D'Symbol vun der Stad ass den 300,51 Meter héijen Eiffeltuerm (324,8 Meter mat Antenn), eng Konstruktioun aus dem Joer 1889, déi fir d'Weltausstellung eigentlech nëmmen temporär sollt gebaut ginn. Den Tuerm ass no sengem Baumeeschter Gustave Eiffel genannt. Et ass eng vun de gréissten Touristenattraktioune mat iwwer sechs Millioune Visiteuren am Joer. Am Joer 2002 gouf den 200-milliounste Visiteur empfaangen.

Iwwer dat ganzt Stadgebitt vu Paräis verdeelt, haaptsächlech op de meeschtbenotze Foussgängerweeër, stinn d'Wallace-Bueren. Déi ëffentlech Drénkwaasserburen a Form vu klenge Skulpturen aus Goss sinn nom Englänner Richard Wallace genannt, deen d'Ariichtung finanzéiert huet. Och si zielen zu de Symboler vun der Stad.

An der zweeter Hallschent vum 20. Joerhonnert koum et zu Paräis zu ville Bauaarbechten am Kader vun de Grand projets vun de franséische Staatspresidenten.

De Georges Pompidou (Staatspresident vun 1969 bis 1974) war 1970 den Initiateur vum Konscht- a Kulturzentrum Centre Georges Pompidou. Als Präisdréier vun engem internationale Concours kruten de Renzo Piano an de Richard Rogers den Optrag fir d'spektakulär Metallkonstruktioun, déi tëscht 1972 an 1977 entstanen ass.

De méi konservative Valéry Giscard d'Estaing (Staatspresident vun 1974 bis 1981) huet sech éischter drëms gekëmmert, Gebaier ze rehabilitéieren, sou zum Beispill mam Ëmbau vun der Gare d'Orsay zu engem Musée an der Ariichtung vun der Cité des sciences et de l'industrie zu La Villette.

De Giscard d'Estaing huet 1980 och d'Grënnung vum Institut du Monde Arabe (Institut vun der arabescher Welt), verulasst, wat och e Konscht- a Kulturzentrum ass, mat Musée, Bibliothéik an Theater. De Bau gouf allerdéngs eréischt tëscht 1983 an 1987 ënner sengem Nofollger dem François Mitterrand vun der franséischer Architektegrupp Jean Nouvel, dem Pierre Soria an Architecture Studio verwierklecht.

De François Mitterrand (Staatspresident vun 1981 bis 1995) huet schonn op senger éischter Pressekonferenz nodeem en d'Amt ugetrueden hat den Ëmbau vum Louvre ugekënnegt. Den Optrag gouf un de renomméierten amerikaneschen Architekt mat chineesescher Hierkonft Ieoh Ming Pei.

D'Noutwennegkeet fir en neie Finanzeministère ze bauen huet sech aus der Tatsaach erginn, datt d'Kabineten am Nordfligel vum Louvre hu misse geraumt ginn. Den neie Ministère des Finances (19841989), e Gemeinschaftswierk vum Paul Chemetov a Borja Huidobro, ass op engem Terrain am Oste vun der Stad entstanen, wou zu der selwechter Zäit den neie Parc de Bercy ugeluecht gouf, an d'Stad Paräis vum Pierre Parat an A. Andrault d'Omnisportshal Palais Omnisports de Paris-Bercy baue gelooss huet.

E perséinleche Prestigeobjet vum Mitterrand gouf déi nei Opéra Bastille (1983 - 1989) op der Plaz mam selwechten Numm, wou de 14. Juli 1789 mam Stuerm op d'Bastille d'Franséisch Revolutioun ausgebrach war, a wou de Mitterrand no senger Walvictoire 1981 gefeiert hat. D'Gebai wat no de Pläng vum Architekt Carlos Ott gebaut gouf, gouf den 13. Juli 1989 ageweit, also den Owend virum 200. Joresdag vum Stuerm op d'Bastille.

D'Grande Arche vum Johan Otto von Spreckelsen, e Kubus deen an der Mëtt op ass, steet amDéfense-Véirel. D'Arche gouf 1989 ageweit. An deem Joer huet de François Mitterrand seng zweet Amtszäit als Staatspresident ugetrueden. Schonn e puer Méint virdrun hat hien e weidere Proket an d'Liewe geruff, fir déi al Nationalbibliothéik z'entlaaschten.

Déi nei Bibliothèque nationale de France (19901996) gouf vum Architekt Dominique Perrault entworf. Déi véier Ecke vum Gebai hu jee en 79 Meter héijen Tuerm mat enger Glasfront opweises. D'Tierm sinn a Form vun engem L gebaut, a symboliséieren e Buch wat opgeschloen ass.

De Jacques Chirac huet d'Traditioun vun de „Baute vun de Presidente“ fortgefouert. Den 20. Juni 2006 gouf den neie Musée du quai Branly (Architekt: Jean Nouvel) ageweit.

Donieft sinn an der leschter Hallschent vum 20. Joerhonnert eng Partie kleng kuckeswäert Bauten entstanen, wéi zum Beispill d'Fondation Cartier (1994, Jean Nouvel) an den American Center (1994, Frank Gehry), haut e Kinosmusée.

Um Spaweck

änneren
Commons: Paräisser Bauwierker – Biller, Videoen oder Audiodateien
  Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.