De Jardin du Luxembourg ass e Park a fréiere kinnekleche Gaart zu Paräis, am 6. Arrondissement. En huet eng Fläch vu 26 Hektar a gehéiert zanter 1879 zum Palais du Luxembourg, dem Sëtz vum Senat, der Zweeter Chamber vum franséische Parlament. Et ass de bekanntste Park zu Paräis.

Jardin du Luxembourg
Lokalisatioun
Land Frankräich
Gemeng 6. Arrondissement
Plaz 6. Arrondissement
Koordinaten 48°50'49"N, 2°20'14"O
Geschicht
Ugeluecht 1612
Bauhär Maria de Medici
Architekt Salomon de Brosse
Jacques Boyceau
Genannt no Palais du Luxembourg
Dimensiounen a Geographie
Fläch 26 ha
Jardin du Luxembourg - OpenStreetMap 2020.svg


Den nërdlechen Deel, à la française ugeluecht
De südwestlechen, "engleschen", Deel vum Gaart

No Norden hi grenzt en un de Palais mam selwechten Numm, an och dee méi klenge Petit Palais, an deem déi offiziell Residenz vum Senatspresident ass, un d'Orangerie an de Musée du Luxembourg. Am Oste mécht d'École des Mines d'Limitt. De Jardin du Luxembourg ass an 2 gedeelt: No beim Schlass ass ee streng geometresch à l'italienne ugeluechte klassiszistesche Gaart, mat Basengen, Beeter an Hecken, dee schonn zanter dem 17. Joerhonnert do ass. Déi brodéiert Platebande mam Monogramm vun der Marie vu Medicis goufe vum Jacques Boyceau gezeechent, se sinn ons bekannt well s'am Traité du jardinagen, deen hie 1638 publizéiert hat ernimmt sinn. Westlech a südwestlech dovun ass e Gaart à l'anglaise, dee méi spéit nom Virbild vun den englesche Landschaftsgäert um Terrain vun engem ale Kartaiserklouschert ugeluecht gouf.

De Gaart gouf vu 1611 oder 1612 u vun der Maria vu Medici, dem Henri IV. senger Wittfra, uleeë gelooss, zesumme mat hirem Landschlass, dat zu der selwechter Zäit gebaut gouf, an deemools nach wäit baussent Paräis louch. Dat Ganzt sollt un de Palazzo Pitti vu Florenz erënneren. Si huet de Bau vum Aqueduc Médicis ënnerstëtzt dee Waasser vu Rungis op Paräis bréngt, well si wëlles hat och hiert Landschlass dovu beliwweren ze loossen.

Weider Ännerunge gouf et duerch d'Joerhonnerten, zulescht am 19. wéi wéinst dem Eugène Haussmann seng nei Stroossepläng Deeler ewechgerappt goufen.

De Park ass ëffentlech zougänglech. De grousse Baseng gëtt gär benotzt fir Miniatur-Seegelbooter drop fueren ze loossen. Scho bal eng Institutioun ass de Guignol-Theater. En ettlech Statue vu bekannte Perséinlechkeete sinn am Park verdeelt, dorënner och eng verklengert Kopie vun der New-Yorker Fräiheetsstatu.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jardin du Luxembourg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Panorama änneren

 
Panoramabild vum Gaart