Armand Jean du Plessis de Richelieu

(Virugeleet vu(n) Richelieu)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat Kardinol Richelieu. Fir aner Persoune mam Numm Richelieu, kuckt wgl. Richelieu (Homonymie).

Den Armand Jean du Plessis, Kardinol an Herzog vu Richelieu, gebuer de 5. (oder 9.) September 1585 zu Paräis an do gestuerwen de 4. Dezember 1642, war e franséische Prelat a Staatsmann.

Armand Jean du Plessis de Richelieu
Gebuer 9. September 1585
Paräis
Gestuerwen 4. Dezember 1642
Paräis
Doudesursaach Tuberkulos
Nationalitéit Kinnekräich Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Konschtsammler, Schrëftsteller, Priister, kathoulesche Bëschof

Seng Wuerzelen änneren

Dem Richelieu seng Famill huet dem Landadel vum Poitou ugehéiert. Zanter dem spéide 15. Joerhonnert hat si d'Landgutt Richelieu, am Südoste vu Chinon. De Papp vum Richelieu, de François du Plessis, war Kapitän vun de Garden, d'éischt beim Kinnek Henri III., dem leschten Herrscher aus dem Haus Valois, an duerno beim Kinnek Henri IV., dem éischten Herrscher aus dem Haus Bourbon.

Säi Liewen änneren

1606 gouf de Richelieu zum Bëschof vu Luçon geweit. Hie war ee gudden Administrateur an huet eng remarkabel Aarbecht a senger Diözees geleescht, besonnesch am Beräich vun der Volleksmissioun an de ländleche Paren, an och wat d'Conversioun vun de Protestanten ubelaangt. 1614 gouf hie vum Klerus aus dem Poitou an d'Generalstänn delegéiert, déi zesummegeruff gi waren, fir déi schlëmm Situatioun, an där Frankräich no der Ermuerdung vum Henri IV. war, z'iwwerwannen. Och wann d'Generolstänn net vill erreeche konnten, war de Richelieu do sou positiv opgefall, datt d'Regentin Marie de Médicis, Wittfra vum Henri IV., hie 1616 zum Staatssekretär genannt huet, mat de Ressortën Innenpolitik a Krich. Wéi de Kinnek Louis XIII. als groussjäreg unerkannt gouf, an no der Ermuerdung vum Concini, dee laang, als Favorit vun der Regentin, eng zweiwelhaft Politik geféiert hat, huet de Richelieu der Kinneksmamm hir Ongnod an hiren Exil zu Blois, respektiv zu Avignon missen deelen. An deene Joren huet hie wéinstens zwou Schrëfte verfaasst a publizéiert. Doduerch awer, datt de Richelieu déi delikat Reconciliatiounsverhandlungen tëscht der Kinneksmamm an dem jonke Louis XIII. zu engem gudden Enn konnt bréngen (1619-1620), huet seng politesch Karriär een neien Ulaf kritt. Hien huet mam Herzog vu Luynes, engem gudde Frënn vum Kinnek, eng Zort Allianz geschloss, gouf 1622 vum Poopst zum Kardinol gemaach an huet, mat der Ënnerstëtzung vun der Kinnigin Anne d'Autriche, dem Louis XIII. säi Mësstrauen no an no iwwerwonn. Am Abrëll 1624 ass de Richelieu Member vum Conseil royal (Ministerrot) ginn, an am August vum selwechte Joer war hie schonn de Chef dovun. Hien huet d'Funktioune vum wichtegsten oder éischte Minister bis zu sengem Doud behalen.

De Richelieu huet ëmmer nëmme versicht, d'Muecht vum franséischen Herrscher am Land selwer ze stäerken an d'Virherrschaft vu Frankräich an Europa z'etabléieren. Hien huet deemno engersäits dee wibbelesche franséischen Adel missen domestizéieren, an och d'Muecht vun de Protestanten a Frankräich briechen (Édit de Grâce d'Alès, 1629), an anerersäits d'Ëmklamerung vu Frankräich duerch déi zwou Linne (Spuenien an Éisträich) vum Haus Habsburg sprengen. No an no ass d'franséisch Monarchie effektiv gestäerkt ginn, an d'Kinnekräich ass ëmmer méi zu engem zentraliséierte Staat gewuess, deen um beschte Wee war, fir eng Hegemonialmuecht an Europa ze ginn. Aussepolitesch huet de Realpolitiker Richelieu, deen am eegene Land d'Protestante klenggehalen huet, d'protestantesch Fürsten am Räich géint de Keeser aus dem Haus Habsburg ënnerstëtzt. Säi Wierk ass vum Mazarin fortgeféiert ginn.

De Richelieu huet d'Compagnie des Cent-Associés gegrënnt, a mam Traité vu Saint-Germain-en-Laye koum de Québec zeréck un d'Fransousen, nodeem den David Kirke déi franséisch Kolonie 1629 besat hat.

De Richelieu war bekannt fir seng Ënnerstëtzung vu Konscht a Literatur. Hien huet 1635 d'Académie française gegrënnt.

De Richelieu, deen als Kardinol rout ugedoe war, a mat "Éminence" ugeriet gouf, hat een diskreete Mataarbechter, de Kapuzinerpater Joseph du Tremblay, deen als "éminence grise", wéinst senger groer Truecht, an d'Geschicht agaangen ass.

Publikatiounen änneren

  • Défense des principaux points de la foi catholique ; eng Kampfschrëft géint d'Protestanten, 1617.
  • Instruction du chrétien ; eng Zort Katchëssem, 1619; gouf deemools a verschidde Sproochen iwwersat.

Literatur änneren

  • Roland Mousnier, L'Homme rouge ou la vie du cardinal de Richelieu (1585-1642) ; Paräis (Robert Laffont, Coll. Bouquins), 2009; 940 Säiten.
  • Françoise Hildesheimer, Richelieu ; Paräis (Flammarion), 2004.
  • François Bluche, Richelieu ; Paräis (Perrin), 2003; 480 Säiten.
  • Françoise Hildesheimer, Richelieu - Une certaine idée de l'État ; Paräis (Publisud), 1990.
  • Michel Carmona, Richelieu - L'ambition et le pouvoir ; Paräis (Fayard), 1983; am Täscheformat rééditéiert: Paräis (Tallandier, collection Texto), 2013.
  • Arnaud Teyssier, Richelieu; Paräis (Perrin), 2014.
  • Christian Jouhaud, Richelieu et l'écriture du Pouvoir; Paräis (Gallimard), 2015.
  • Simone Bertière, Louis XIII et Richelieu: La "Malentente" ; Paräis (Éditions de Fallois), 2016. ISBN 978-2-87706-952-6

Um Spaweck änneren

Commons: Armand Jean du Plessis de Richelieu – Biller, Videoen oder Audiodateien